Warning: Creating default object from empty value in /home/www/web940/web940u1/html/included/functions.php on line 292 SEDW.lu

{Dimanche, le 29 Novembre 2020}

 

Deprecated: preg_replace(): The /e modifier is deprecated, use preg_replace_callback instead in /home/www/web940/web940u1/html/included/functions-formatting.php on line 76

SEDW INFO

Syndicat d’Initiative Eich, Dommeldange, Weimerskierch

Bonjour,
Neie Busplang vum 13. Dezember 2020 un.
Ännerungen vu Linnen an onsen Sektiounen
De Bus 23 gëtt ersat duerch de Bus 3 - fiert all 30 Minuten - Rue Dinant op Houwald Cipa an zeréck.
De Bus 23 fiert nëmmen op Ech bei de Centre culturel
De Bus 12 gëtt ersat duerch d’Busssen 4 an 32 - fiert all 30 Minuten
De Bus 4 Parc de l’Europe op Leideleng an zeréck - fiert all 30 Minuten
De Bus 32 Parc de l’Euope iwwert Dummeldenger Gare, Badanstalt op de Kierchbierg an zeréck.
De Bus 8 gëtt ersat duerch de Bus 30 - fiert all 20 Minuten - neien Trajet
De Bus 21 bleiwt de Bus - 21 fiert all 15 Minuten - neien Trajet
D’Bussen 10, 11, 25 a 26 änneren net nëmmen den Trajet.
Fir wieder Informatiounen um Plang vum Städteschen Busnetz, dee jiddereen vun der Stad Lëtzebuerg duerch d’Post krut. Oder um Site newbus.vdl.lu
D’Plack vum Jéiner vir op d’Façade vum Centre zu Weimesckierch
De President war den 20. November bei d’Madame Schmit d’Moule vun onser Plack kucken. Hier Aarbecht ass elo fäerdeg an de Géisser kënnt elo d’Form sichen. Säin Atelier ass zu Vesoul a Frankräich. D’Madame Schmit mengt, dass d’Pack a véier Méint gegoss wär an d’Aweihung ass am Freijor oder Summer beim Centre culturel zu Weimeschkierch. De Comité vum Syndicat mecht nach en Text fir niewend d’Plack.
Mat deene beschte Gréiss a bleiwt gesond.
De Comité vum Syndicat

{Lundi, le 15 Juin 2020}

INFO-NEWS 

Deprecated: preg_replace(): The /e modifier is deprecated, use preg_replace_callback instead in /home/www/web940/web940u1/html/included/functions-formatting.php on line 76

INFO-NEWS

Bonjour léif Awunner,

Wéinst dem Coronavirus konnte mir keng Generalversammlung an och kee Comité ofhalen well sämtlech Kulturcenter bis den Oktober zou sinn. Duerno wäerte mir erëm aktiv ginn.

Eng Informatiounstafel iwwert d’Geschicht vun de Jéiner
Madame Cum vun der Stad Lëtzebuerg huet ons matgedeelt, dass de Schäfferot d’Informatiounstafel aus Goss vun de Jéiner, déi op d’Mauer vum Centre Am Duer op Weimeschkierch kënnt ugeholll huet. Si sinn mat onse Propositiounen averstaan. D’Madame Schmit huet de Projet gemaach a si ka mat der Aarbecht ufänken.

Ee Bréif un d’Stad Lëtzebuerg iwwert de Summervëlo

De Comité vum Syndicat ënnerstëtzt dem Här Minister Bausch séng Initiative fir am Mount August verschidde Stroossen nëmme fir d’Vëloen opzemaachen.

Wärend de leschte Méint sinn hei zu Dummeldeng an der rue des Hauts-Fourneaux ganz vill Eltere mat Kanner voller Freed mam Vëlo passéiert. Och vill Awunner hunn dës Strooss fir ze joggen benotzt. Hei ass déi eenzeg Méiglechkeet d’Vëlospiste aus der Stad Lëtzebuerg an d’Vëlospiste vum Kierchbierg/Iechternach mat der Vëlospiste Richtung Norden ze verbannen. Iwwert d’Beggenerstrooss ass et ze vill geféierlech, dofir biede mir Iech Madame Polfer, dem Minister Bausch den Akkord ze ginn fir d’rue des Hauts-Fourneaux an d’rue Henri Dunant am August nëmmen fir de Vëlosfuerer opzemaachen. Nëmmen d’Bussen an d’Autoen vun den Awunner dierften dann ausschließlech hei passéieren.

De Parking virun der Gare zu Dummeldeng ass zu onser grousser Zefriddenheet nei amenagéiert ginn, mat zwou Opluedstatiounen fir elektresch Autoën, an enger Statioun mat dräi Autoën vun der Firma Flex, déi ee loune kann.
Hei waarde mir nach ëmmer op ons Vëloststatioun vun der Stad Lëtzebuerg, wou ee Velo zur Verfügung steet fir d’Awunner an d’Leit déi mam Zuch kommen.

An der Hoffnung, dass am Mount August vill Leit mat hire Kanner ouni Gefor an onse Stroossen mam Vëlo fueren fir Sport ze maachen a frësch Loft ze genéissen, soe mir Iech, Madame Polfer, villmools Merci fir Är Mathëllef a verbleiwe mat deene beschte Gréiss.

Pit Ludwig

{Jeudi, le 12 Mars 2020}

Notre assemblée générale est annulée 

Deprecated: preg_replace(): The /e modifier is deprecated, use preg_replace_callback instead in /home/www/web940/web940u1/html/included/functions-formatting.php on line 76

A cause du Coronavirus notre assemblée générale du 30. mars est annulée.
A partir du 1er avril vous trouverez toutes les informations sur ce site