Warning: Creating default object from empty value in /home/www/web940/web940u1/html/included/functions.php on line 292 SEDW.lu

ENDLECH OK FIR D’VELOSPISTE

Deprecated: preg_replace(): The /e modifier is deprecated, use preg_replace_callback instead in /home/www/web940/web940u1/html/included/functions-formatting.php on line 76

Hurra, all op de Velo!

D’Vélospiste vun Dummeldeng op Niederanven iwwert den Traçé vum Charly gëtt endlech realiséiert.

Dëst ass eng vun onsen eelsten Fuederungen (iwwert 10 Joer). Haut de muergen hunn ech mech beim Ëmwelt- a Bauteministär informéiert wou de Projet drunn ass. De Plang ass scho laang fäerdeg. Nodeems mech Sekretärin vum Här Guy Weiss, informéiert hat, datt den Dossier den 28. Januar un den Bauteministär zréck gang ass, hunn ech do nogefrot.
E Beamten aus dem Bauteministär huet mir du matgedeelt, datt si eng positiv Äntwert vum Ëmweltministär kruten, an datt elo der Realisatioun vun der Piste näischt méi am Wee steet. D’Ausschreiwungen fir d’Aarbechten ginn entweder kuurz oder no dem Collectiv Congé ausgeschriwwen. Mir soën nach eemol dem Bauteminister Claude Wiseler villmools merci fir séng Ënnerstëtzung.