Warning: Creating default object from empty value in /home/www/web940/web940u1/html/included/functions.php on line 292 SEDW.lu

Haaptdiskusionspunkten

Deprecated: preg_replace(): The /e modifier is deprecated, use preg_replace_callback instead in /home/www/web940/web940u1/html/included/functions-formatting.php on line 76

Hei sinn ons Haaptdiskussiounspunkten

1) D’Renovatioun vun der fréierer Schräinerei Drescher.
D’Schoulklasse sinn am neie Lycée, d’Gebäi ass fräi an elo kënnt mat der Renovatioun ugefang ginn, wéi mir et vum Schäfferot d’lescht Joer versprach kruten. Mir proposéieren fir d’Gebäi vum Dag aus mat Sonnenenergie ze hëtzen.

2) Multisportterrain zu Dummeldeng fir ons Jugend an d’Spillplaz zu Weimeschkierch

3) Soziale Wunnengsbau am Duerf zu Weimeschkierch +
Verbreederung vun der Rue Munchen-Tesch

4) Wéini sinn d’Aarbechten ofgeschloss am Fond St. Martin,
an der rue Schetzel an am Parc Collart zu Dummeldeng?
Hei am Parc ginn et och gréisser Problemer mam Weier, wou d’Waasser duerch Trape leeft.

5) Bauprojet op der Eecherplaz. Wéi ass mat de
Rutschproblemer a mat der Autorisatioun fir de Projet?

6) Méi Secherheet fir d’Awunner an d’Schoulkanner um Trottoir vun der Eecherbréck.

7) Parking vu Camionetten am ieweschten Fond St. Martin.
En Trottoir fir d’Foussgänger am ënneschten Fond St. Martin.
8) Columbarium oder eng Streewiss fir de Kierfecht zu Weimeschkierch.

9) Fäerdegstellung vun der rue des Grottes zu Eech.

10) Ee Late Night Bus fir d’Jugend vun Eech, Dummeldeng Weimeschkierch a Beggen.

11) Eng Busaubette op der Neier Iechternacherstrooss ënnert der Foussgängerbrëck um Arret Linn 14 an RGTR-Bussen
an op der Eecherbréck.

12) Verkéiersproblemer an der rue Nic Hein beim neie Lycée an der Dummeldengerschoul. Hei ass besonnesch muergens tëschend 07.00 an 09.00 Auer e Verkéierschaos wann d’Schoulkanner, d’Bussen an d’Autoen, (déi des Strooss als Schléichwee benotzen) sech hei begéinen. Dëst ass eng grouss Gefor fir déi ronn 1.000 Kanner. Et bestinn och Problemer an der rue du Château zu Dummeldéng a bei der Eecherbréck.

13) D’Kichen fir de Centre Culturel am Duerf zu Weimeschkierch.

14) Divers (Haus Klückmann, Problem 4 Weeër am Pilatusbierg fir op d’Eecherfeld, d’Trottoir an der rue des Hauts- Fourneaux beim Bloe Bierg, asw.).