Warning: Creating default object from empty value in /home/www/web940/web940u1/html/included/functions.php on line 292 SEDW.lu

Aktivitéitsbericht vun dem Syndicat 2007

Deprecated: preg_replace(): The /e modifier is deprecated, use preg_replace_callback instead in /home/www/web940/web940u1/html/included/functions-formatting.php on line 76

De Comité vum Syndicat

Präsident: Pit Ludwig
Vize-Präsident: Sonja Wolsfeld, Raymond Schroeder
Sekretär: Abbes Dondelinger
Caissière: Odette Neumann

Member: Tilly Bausch, Odette Berend, Claudia Hartmann, Denise Heywang;
Liz Junio, Laura Zuccoli, Carlo Meyer, Théo Schreiber, Arsène Schüssler a Fränk Weiwers

Nei Statuten fir de Syndicat

Onse Comitésmember Carlo Meyer huet ons Statuten ob Wonsch vum Comité «à jour» gesat. Ët si keng gréisser Ännerungen gemaach ginn. Wëll kéng 2/3 vun onsen 180 Membren an der Versammlung present sinn, ass no der Generalversammlung eng zweet Extraordinär Generalversammlung fir iwwert déi nei Statuten ofzestëmmen. De Carlo Meyer presentéiert der Versammlung déi nei Statuten.

Aktivitéiten:

De Comité huet am vergaangene Joer 8 Comitéssëtzongen ofgehalen, an huet schrëftlech beim Staat a Schäfferot intervenéiert, fir séng Doléancen virzeleën. Och telefonesch hate mir Kontakt mat sämtlechen Gemengeservicer fir si iwwert d’Problemer an d’Bild ze setzen.
De Comité huet séch mam Schäfferot getraff fir iwwert Doléancen a Projeën ze diskutéieren.
Mir ware vertrueden op de Generalversammlungen vun der Entente des Sociétés de l’Ancienne
Commune d’Eich, eisen Noper­syndicater Kierchbierg, Millebaach, a Pafendall, der USILL,
der «Porte ouverte vum Institut Emile Metz», a sämtlechen Delegatiounssëtzungen vun der USILL, der «Porte Ouverte» vum neie Lycée Uelzechtdall zu Dummeldeng (7. Juni)
Rezeptioun vun der Entente fir den Opstieg vum Avenir Beggen an d’Nationaldivisioun (6. Juni)
Ouverture vum Centre «Géisserei» vun de Lëtzebuerger Guiden a Scouten (30. Mee).
An deenen zwou Informatiounsversammlungen (Hierscht a Fréijoër) vun der Stad Lëtzebuerg
iwwert ons Quartiéën Weimeschkierch (zu Beggen an Cents) an Eech an Dummeldeng (um Lampertsbierg. An zwou Informatiounsversammlungen vun den Aarbechten an der rue Laroche an der Cité Schoué zu Weimeschkierch am Centre am Duerf zu Weimeschkierch, hei waren nëmmen 5 Awunner present. Vum grousse Projet vun den Aarbechten an der route d’Eich, der route d’Echternach an der rue de Beggen. Dës Aarbechten hunn am Januar 2008 ugefang a wäerte vill Problemer an ons Quartieë brengen. Mir waren och présent op verschidde Versammlungen vum Mouvement écologique an um Vernissage vun der Ausstellung «Impressionen - Expressionen. Frauen im KZ Ravensbrück».

Stroossefest an der rue Paul Henkes.
D’Stroossefest an der rue Paul Henkes den 30. 06. 2007. Dëst ass e schéint Fest wou d’Awunner aus verschidden Natiounen sech treffen fir zesummen e Maufel z’iessen an e Patt ze drenken. De Syndicat wär frou wann aner Stroossen dëst och géinge maachen.

Neie Busprogramm
Nodeems de Sekretär an de President op enger Virstellung vum neie Buskonzept am Tramsschapp waren, huet de Service vum Busdéngscht den 21. Juli 2007 op eng Informatiounsversammlung iwwert de neie Busprogramm an de Centre am Duerf invitéiert. Wëll d’Awunner vill Reklamatiounen virbruecht haten, huet den Här Bausch versprach nach emol an de Centre zréckzekommen. De ganze Projet krut Verspéidung. Bis elo ass nëmmen de «Call e Bus» gestart. Hei kann een e Bus rufen, deen een op dee gewënschten Arrêt siche kënnt an op den Arret féiert wou ee wëllt kommen. Dest kascht 5 Euro.

Grillfest fir den Télévie virum Cactus Bereldéng
Well bis elo keen an onse Sektiounen e Fest fir den Télévie organiséiert hat, huet de Syndicat den 28. Oktober 2007 eng Demande gemaach fir virum Cactus kënnen ze grillen. De 14. Mäerz 2008 hu mir eng negatif Äntwert vun der Direktioun vum Cactus kritt, datt all Weekender vun 2008 fir aner Veräiner reservéiert sinn. Niewt dem Gegrills wollte mir och schéi Fotoën vum Quartier vun onsem Comitésmember Denise Heywang zu Gonschten vum Télévie verkafen.

Internetsite www.sedw.lu
Onse Site huet vill Succès. Vill Awunner hu schons onse Site besicht an Informatioune gefrot.
De Schäfferot huet ons e Subsid vun 500 Euro bewellegt fir d’Uschaffungskäschten ze decken vun onsem Internetsite.

Circuit Aal Gemeng Eech
«A la source de l’industrialisation de la Ville de Luxembourg»
An onser Entrevue mam Schäfferot am Februar 2007 hate mir eng finanziell Hëllef ugefrot.
Dëst kascht bis 5.000 Euro. (Prospekter an dräi Sproochen, Wegweiser an Informatiounstafelen). An engem Bréif vum 21.08.2007 hate mir dem Schäfferot genau Informatiounen iwwert den Tracé gescheckt. De 26. September hu mir eng Äntwert vum Schäfferot kritt deen ons e genaue Budget freet. De Fränk Weiwers deen e gudden Droot zu Mittal huet, freet e Responsablen op si onse Projet géingen ënnerstetzen, wëll hei um Wee mir laanscht d’Geschicht vun onse Schmelzen Eech an Dummeldeng passéieren. Zu Dummeldeng bei der Brennrei war d’Wéi vun der ARBED, mat der éischter Schmött an Héichuewen zu Lëtzebuerg. D’Laura Zuccoli huet ons nach zwou Adresse ginn, déi eventuell och onse Projet ënnerstetzen. Den 13. Oktober hunn e puer Membren vum Syndicat de ganze Wee vum Circuit gemaach mat grousser Begeeschterung. De Circuit ass relativ grouss, mir musse kucken fir de Leit déi wëllen de Sentier maachen och eng verkierzten Versioun unzebidden.

Vandalismus
Nodeems de Raymond Schroeder an de Pit Ludwig sech an enger Entrevue mam Schäffen François Bausch, an och beim Schäfferot beklot haten, huet de Vandalismus ofgeholl. D’Polizei vum Eech an de Foyer vun der ASTI «Amigo» hunn ons och ënnerstetzt.
De Vandalismus besteet awer nach ëmmer: um Kuebebierg, bei der Dummeldénger-Gare an a sämtlechen Sektiounen. De Problem vum Graffiti an Drogen hu mir och nach nët am Greff.
Bei onsen Container vum Hygienedéngscht léit nach ëmmer vill Sauerei. An de Container vum Gardenoffall gëtt alles gepucht, hei géingen nëmmen Kameraën hëllefen. Et ass jo awer kee Problem fir mat séngem Offall an de Recyclingscenter op d’Aarelerstrooss zu fueren!
Velospiste vun Dummeldéng iwwert den Tracé vum Charly op de Kierchbierg a Niederanven
All Autorisatiounen fir mat den Aarbechten unzefänken sinn bei der Ponts & Chaussées agelaf. De President huet bei engem Responsablen vun der Ponts et Chaussées nogefrot, wéini mat den Aarbechten ugefang géing ginn. Desen huet him versprach, datt nach dëst Joer déi éischt d’Velospiste kënne benotzen.

Rendez-vous mam Här Buergermeeschter a Schäfferot an der Gemeng

Freides, den 29. Februar 2008 ëm 11.00 Auer am Stadhaus.
Uwiesend waren: Den Här Buergermeeschter Paul Helminger, d’Schäffen François Bausch,
Anne Brasseur a Lydie Polfer, begleed vun de «Chefs de Service de la voirie, du cimetière, de l’architecture, de la circulation, de l’autobus, et du parc» an e Sekretär vum Schäfferot.
Vum Comité vum Syndicat: d’Madame Tilly Bausch an d’Hären Raymond Schroeder, Pit Ludwig,
Théo Schreiber an Arsène Schüssler

Hei sinn ons Haaptdiskussiounspunkten

1) D’Renovatioun vun der fréierer Schräinerei Drescher.
No engem Bréif (3. September 2007) un de Schäfferot huet den Här Capesius, vum service de l’architecte ons déi provisoresch Plangen gescheckt. Den 21. Februar haten de Pit Ludwig, Raymond Schroeder an Théo Schreiber e Rendez-vous mat dem Här Capesius fir him e puer Ännerungen vum Avant-Projet matzedeelen. De Projet ass ganz flott a begräift 7 Säll fir d’Veräiner an e grousse Sall fir eng Receptioun, Ausstellungen, Concerën oder aner Manifestatiounen ofzehalen.
Den Här Capesius huet ons versprach den Dossier un de responsablen Architecte ze schecken, fir datt hien kann déi endgülteg Plangen realiséieren, déi da kënnen dem Schäfferot virgeluecht ginn fir vum Gemengerot gestëmmt ze ginn. Mir wäerten elo dohannert bleiwen, wëll d’Gebäi eidel steet an d’excuse nët méi ziehlt vun de Schoulklassen, déi do ënnerbruecht sinn.

2) Multisportterrain zu Dummeldeng fir ons Jugend an d’Spillplaz zu Weimeschkierch
An enger Entrevue mat der Schäffin Viviane Loschetter a Vertrieder vum Service des Parcs, Mme Fandel an Här Lenners an de Comitésmembren Sonja Wolsfeld Odette Berend a Pit Ludwig. si mir gewuer ginn datt e Multisportterrain niewend de Schoulkomplex an d’Spillplaz zu Dummeldeng kéim. Dës Plaz ass fir de Syndicat ok. Si probéieren de Projet nach op dëse Budget ze setzen, wann dat nët méiglech ass kéim en op de nächste Budget.

De Sportsterrain op der Spillplaz zu Weimeschkierch, dee soll verschwannen, fir 2 Häiser ze realiséieren ass um Projet vun der Stad Lëtzebuerg iwwert Baulücken. Ënnert der Leedung vum Tilly Bausch sinn iwwer 500 Ënnerschrëften gesammelt ginn géint dëse Projet. De Syndicat huet och eng Opstellung gemaach vun alternativen Baulücken a vun allen Häiser vun der Stad Lëtzebuerg, déi eidel stinn an op eng Renovatioun waarden. De 24. Abrëll 2007 ware Vertrieder vum Syndicat, Awunner vu Weimeschkierch an d’Stadhaus gaang, fir dem Här Buergermeeschter Paul Helminger an der Madame Loschetter d’Leschten z’iwwerreechen. Onse Comitésmember Fränk Weiwers huet e Bréif un de Sportsminister Jeannot Krecké gemaach, deen an engem Schreiwes un de Schäfferot intervenéiert huet zu Gonschten vum Sportsterrain. An engem Bréif vum Schäfferot hu si ons Plazen proposéiert wou de Sportsterrain kënnt realiséiert ginn: Beim Kierfecht, am Lavalspark, am Schoulhaff oder hannert der Géisserei zu Eech. Dëst si fir ons kéng Alternativen a mir mengen datt si dat och selwer agesinn hunn.
Mir hunn och e Panneau op der Spillplaz obgericht. E spezielle Merci geet un den Dan Hardy vun RTL, dee sämtlech Manifestatioune gefilmt huet, déi iwwert d’Televisioun gesend si ginn. Och e grousse Merci un d’Familljen Paul Goes a Jacques Lanneluc fir hir Ënnerstetzung. Si hu Kanner, déi och d’Spillplaz benotzen.
An der Réunion vum 29. Februar war d’Madame V. Loschetter vertrueden duerch Madame S. Fandel,
déi ons matgedeelt huet, datt si géingen nei Plaze sichen an datt de Projet vum Bauen vun den Häiser nach nët fir haut a muer ass. Affaire à suivre.
3) Soziale Wunnengsbau am Duerf zu Weimeschkierch
Hei huet de Buergermeeschter ons informéiert, datt hir Servicer Feeler gemaach haten. Déi nei Pläng sinn elo fäerdeg a mat e bësse Chance brauchen si nët méi nei ofgestëmm ze ginn
4) Wéini sinn d’Aarbechten ofgeschloss am Fond St. Martin,
an der rue Schetzel an am Parc Collart zu Dummeldeng?
Hei am Park ginn et och gréisser Problemer mam Weier, wou d’Waasser iwwert d’Trape leeft.
Mir krute versprach, datt d’Aarbechten esou séier wéi méiglech am Fond St. Martin ofgeschloss ginn. Beim Haus vum Heng Breier wär e neie Projet virgesinn.
D’Madame Brasseur huet ons gesot datt an der Schetzelstrooss verschidde Problemer mat Awunner waren, déi awer elo geléist konnte ginn.
D’Problemer am Parc Collart, wou Waasser duech Trape leeft, ginn direkt behouwe soubal wéi de Service des Parcs mam Camion op d’Plaz kënnt.

5) Bauprojet op der Eecherplaz.
De Promoteur huet elo séng Autorisatioun kritt. Wat d’Rutschgefor betrëfft muss hien séng Précautiounen huelen. De 25. Mäerz 2008 war e klengen Artikel am Wort iwwert de Projet. Hei sollen véier Geschäfter a 35 Wunnenge kommen.
6) Méi Secherheet fir d’Awunner an d’Schoulkanner um Trottoir vun der Eecherbréck.
De Buergermeeschter ass sech der Gefor bewosst a wëllt och eppes ënnerhuelen. Hien hat och beim Claude Wiseler intervenéiert fir eng zousätzlech Piste. De Bauteminister huet him dorop geäntwert, datt si nëmmen eng zousätzlech Piste géingen realiséieren fir de Bus. Hien méngt, wann d’Nordstrooss fäerdeg ass, wär et hei besser mam Verkéiersproblem.
7) Parking vu Camionetten am ieweschten Fond St. Martin.
Den Här Hoffmann, Chef de Service vun der Circulation, huet ons versprach fir nach emol d’Awunner duerch e Flyer z’informéieren a bei der Polizei z’intervenéieren, datt si méi Kontrolle maachen.

8) Columbarium oder eng Streewiss fir de Kierfecht zu Weimeschkierch.
De Chef de Service vum Kierfecht huet ons matgedeelt dass d’Kolumbarien kee Succès méi hunn. A leschter Zäit krut d’Stad Lëtzebuerg vill Kolumbarien zreck. Och um Weimeschkiercher Kierfecht si vill Griewer eidel. Hien proposéiert den Awunner hir Urne an d’ Graw ze leeën, dëst ass och méi belleg.

9) Fäerdegstellung vun der rue des Grottes zu Eech.
Hei ass elo e neie grousse Projet vun der Firma Rollinger geplangt an dofir muss d’Fäerdegstellung vun dëser Realisatioun ofgewart ginn.

10) Ee Late Night Bus fir d’Jugend vun Eech, Dummeldeng Weimeschkierch a Beggen.
Et ass fir de Moment nët méiglech eng zousätzlech Linn ze maachen. Déi Responsabel vum Busdéngscht setze sech mat der Gemeng Steesel a mam Busservice Ecker zesummen, déi dann op hirer Linn d’Awunner vun Eech, Dummeldeng, Weimeschkierch a Beggen mathuelen.

11) Eng Busaubette op der Neier Iechternacherstrooss ënnert der Foussgängerbrëck um Arret Linn 14 an RGTR-Bussen an op der Eecherbréck.
Dëst soll realiséiert ginn am Summer bei der Fäerdestellung vum neie Buskonzept

12) Verkéiersproblemer an der rue Nic Hein beim neie Lycée an der Dummeldengerschoul. Hei ass besonnesch muerges tëschend 07.00 an 09.00 Auer e Verkéierschaos wann d’Schoulkanner, d’Bussen an d’Autoen, (déi des Strooss als Schléichwee benotzen) sech hei begéinen. Dëst ass eng grouss Gefor fir déi ronn 1.000 Kanner.
D’Strooss Nicolas Hein gëtt nei amenagéiert. D’Stroos gëtt op 6 m Breed reduzéiert. Op béid Säite kommen Parkplazen a Beem. Wann d’Aarbechten ufänken gëtt d’Strooss fir de Verkéier zou gemaach. Et kann ee jo da kucken op d’Strooss net soll fir de Verkéier zou bleiwen. Onse Comitésmember Arsène Schüssler huet och eng Iddi fir déi selwecht Reglementatioun ze maachen wéi an der Stad bei der Kathedral an am Gruew, wou jidder Benotzer déi selwecht Rechter huet.
An der Strooss ginn och oft Verkéierskontrolle gemaach.

13) D’Kichen fir de Centre Culturel am Duerf zu Weimeschkierch.
De President vun der Entente krut versprach, datt d’Kiche beim Centre am Duerf zu Weimeschkierch nach dëst Joer realiséiert soll ginn. D’Entente feiert 2009 hire 75. Anniversaire.

14) Divers (Haus Klückmann, Problem 4 Weeër am Pilatusbierg fir op d’Eecherfeld, d’Trottoir an der rue des Hauts- Fourneaux beim Bloe Bierg, asw.).

Fir d’Haus Klückmann läit an der Gemeng e Projet vir. Hoffentlech huet dëse Schandfleck
elo gläich en Enn.

De Problem mam Rutschen vum Terrain an de 4 Weeër am Pilatusbierg soll och a kuurzer Zäit
verschwannen.

De Bauprojet vu Residenzen «Château de Beggen» krut elo eng provisoresch Autorisatioun. Da wäert endlech no de Bauaarbechten de Knascht a de Bulli op dem Trottoir vun der rue des Hauts-Fourneaux verschwannen.