Warning: Creating default object from empty value in /home/www/web940/web940u1/html/included/functions.php on line 292 SEDW.lu

Bréif Spillplaz

Deprecated: preg_replace(): The /e modifier is deprecated, use preg_replace_callback instead in /home/www/web940/web940u1/html/included/functions-formatting.php on line 76

Monsieur Paul Helminger
Buergermeeschter vun der Stad Lëtzebuerg

Betrëfft de Sportsterrain fir d’Jugend zu Weimeschkierch

Als President vum Syndicat sinn ech gëint d’Bebauung vum Sportsterrain am Fond St. Martin, 37 zu Weimeschkierch, soulang wéi kéng valabel Plaz fir en neien Terrain fonnt ginn ass.

Hei sinn an der Vergaangenheet zwee Feeler gemaach ginn:

1.) Wéi den Här Dirkse ons mat Begeeschterung matgedeelt huet, datt d’Stad
Lëtzebuerg op dësem Site eng Spillplaz géing realiséieren, déi mir gefrot haten, hätt ons misste gesot ginn, datt en Deel vun der Spillplaz kënnt verschwannen, fir Häiser do opzerichten.

2.) Wéi de Schäfferot de Projet iwwert d’Baulücken ausgeschafft huet, hätte kënnen vill Problemer verhënnert ginn, wa mam Syndicat doriwwer diskutéiert gi wär. Virun de leschte Walen ass ons nach versprach ginn, datt d’Bierger an Décisiounen mat agebonnen géinge ginn!

Ons Propositiounen wären, dass de Bauprojet am Duerf zu Weimeschkierch fir d’éischt soll realiséiert ginn (vun dësem Projet héiert een net méi vill) an all eidel
Häiser déi der Stad Lëtzebuerg gehéieren sollen restauréiert ginn. Och sollen Egentëmmer vun eidelen Häiser suergen, dass déi op de Wunnengsmaart kéimen.

Wann een de Moment duerch d’Stad firt da gesäit ee vill Häiser an Appartementer déi eidel sinn an datt d’Demande fir se kafen net méi sou grouss ass. Vill jonk Leit ginn an d’Ausland, nët wëll si kéng Wunnenge fannen, awer wëll se hei ze deier sinn.

An der Hoffnung, dass Dir Här Buergermeeschter dëse Projet vum Sportsterrain
op Äis leet, soen ech Iech am Viraus villmols Merci a verbleiwe mat deene beschte Gréiss.

Pit Ludwig
President vum Syndicat Eech, Dummeldeng a Weimeschkierch