Warning: Creating default object from empty value in /home/www/web940/web940u1/html/included/functions.php on line 292 SEDW.lu

Schéi Feierdeeg a lescht NEWS

Deprecated: preg_replace(): The /e modifier is deprecated, use preg_replace_callback instead in /home/www/web940/web940u1/html/included/functions-formatting.php on line 76

NEWS
(Syndicat d’initiative Eich-Dommeldange-Weimerskirch)
Internetsite: SEDW.lu

Circuit Aal Gemeng Eech «A la source de l’industrialisation de la Ville
de Luxembourg»
De comité vum Syndicat ass derbäi e Kulturwee duerch ons Sektiounen
auszeschaffen.
Op dësem Wee vun ongeféier 10 km begéine mir d’Geschicht vun onse
Schmelzen Eech an Dummeldeng, d’Schlässer, wou déi russesch an déi
Chinesesch Ambassade sinn, ons zwee Parken Lavalspark a
Collartspark, Mäertes- an Haupeschbur, d’Strooss wou d’Jéner gewunnt
hunn, d’Weimeschkiercherkierch, déi eelst Por aus der Stad Lëtzebuerg
vun 740, d’Dummeldenger Kierch mat deene renovéierte Fresken vum
Moler Brücher an nach vill Interessantes.

Mir hunn e Bréif un d’Madame Octavie Modert gemaach, fir zwou
Plazen als «Sites et Monuments» klasséiert ze kréien.
1.) De Bur um Enn vun der rue des Hauts-Fourneaux mat der schéiner
Mauer wou Skulpture
vun Déieren drop sinn.
2.) D’Grotte mam Kräizwee an der Montée Pilate.

No den Aarbechten vun der neier Waasserpompelstatioun an der rue de
Deventer ass de Bouleterrain nei aménagéiert ginn. Hei fannen all
Awunner bei schéinem Wieder en idealen
sportlechen Zäitverdreif.

D’Plaz fir den Omnisportterrain zu Dummeldeng bei der Schoul ass
fäerdeg. Mir waarden elo nach op de Rescht vun der Realisatioun. Mir
hoffen och, datt d’Skatepiste no den Aarbechten an der
rue Nicolas Hein erëm dohinn kënnt.

Ons Generalversammlung ass Méindes, den 30. Mäerz 2009 ëm 20.00
Auer am Centre am Duerf zu Weimeschkierch, reservéiert Iech schons
dësen Datum.

E grousse Merci un de Schäfferot an hir Servicer, déi onse Wonsch
erfëllt hunn mat enger Krëschtbeliichtung op der Eecherplaz.

De Comité vum Syndicat wënscht sech, datt 2009 ons Chantieën an der
rue Schetzel, an der rue Laroche an och der rue Nicolas Hein
ofgeschloss ginn, eng zefriddestellend Léisung vum Sportsterrain am
Fond St. Martin, Ufank vun der Renovatioun vum Drescherhaus an datt
endlech d’Velospiste um alen Traçé vum Charly realiséiert gëtt.

Mir wënschen all onsen Awunner fir 2009 vill Erfolleg an eng gutt
Gesondheet.

Mat de beschte Gréiss.
Pit