Warning: Creating default object from empty value in /home/www/web940/web940u1/html/included/functions.php on line 292 SEDW.lu

INFO 2010

Deprecated: preg_replace(): The /e modifier is deprecated, use preg_replace_callback instead in /home/www/web940/web940u1/html/included/functions-formatting.php on line 76

De Comité vum Syndicat

Präsident: Pit Ludwig
Vize-Präsident: Sonja Wolsfeld, Raymond Schroeder
Sekretär: Pit Ludwig a Fränk Weiwers
Caissière: Odette Neumann

Member: Tilly Bausch, Odette Berend, Denise Heywang, Claudine Tockert, Laura Zuccoli,
Albert Dondelinger, Carlo Meyer, Théo Schreiber, a Fränk Weiwers

Sekretariat
De Sekretariat ass vum President Pit Ludwig mat der Hëllef vum Fränk Weiwers gemaach ginn.

Neie Member am Comité vum Syndicat
No der Generalversammlung vun 2009 huet d’Madame Claudine Tockert sech an de Comité vum Syndicat gemellt a soll dest Joer vun der Generalversammlung opgeholl ginn. Mir soën dem Claudine villmols Merci, dass si am Comite vum Syndicat matschafft.

Aktivitéiten:

De Comité huet am vergaangene Joer 8 Comitéssëtzungen ofgehalen, an huet schrëftlech beim Staat a Schäfferot intervenéiert, fir séng Doléancen virzeleën. Och telefonesch hate mir Kontakt mat sämtlechen Gemengeservicer fir si iwwert d’Problemer an d’Bild ze setzen.
De Comité huet séch mam Schäfferot getraff fir iwwert Doléancen a Projeën ze diskutéieren.
Mir ware vertrueden op de Generalversammlungen vun der Entente des Sociétés de l’Ancienne
Commune d’Eich, op der Neijoërsrezeptioun vun der Entente zu Beggen am Centre culturel, eisen Noper­syndicater Kierchbierg, Millebaach, a Pafendall, der USILL, der «Porte ouverte vum Institut Emile Metz», a sämtlechen Delegatiounssëtzungen vun der USILL. Mir waren an den zwou Informatiounsversammlungen (Hierscht a Fréijoër) vun der Stad Lëtzebuerg iwwert ons Quartiéën Weimeschkierch, (um Cents) Eech an Dummeldeng (um Lampertsbierg. Mir waren och present op verschidde Versammlungen vum Mouvement écologique, op der Aweihung vun der Spillplaz am Lavalspark asw.

Dräi Anniversairen
Am leschte Joer huet d’Asti hiren 30. Anniversaire gefeiert mat engem grousse Fest «Grand Buffet du Monde» de 17. Mee an der Sportshal Pierre Pelkes zu Dummeldéng an den 18. November am Siège vun der Asti mat enger Konferenz vum Minister Nicolas Schmit iwwert «Immigration: politique du Luxembourg et de l’UE». Texter vum Guy Rewenig, Jay Schiltz a Claude Frisoni si virgedroe ginn. Fir de musekaleschen Deel war d’Chorale ALICE (enseignants portugais à Luxembourg) verantwortlech. Dës Feier ass ofgeschloss ginn mat engem Iessen.
Den Dummeldenger Kierchegesank huet 2009 hiren 75. Anniversaire gefeiert mat de Gesangveräiner vu Mamer, Walfer, Eiter, der Chorale Grand-Ducale, dem Kanner- a Jugendchouer vun Dummeldeng, déi an onser Kierch d’Samschdesmass gesongen hunn a mat engem Konzert an der Kierch vun de Kierchechéier vu Weimeschkierch, Beggen, Millebaach an Dummeldeng. An der Sportshal Pierre Pelkes war eng Ofschlossrezeptioun .
D’Entente aus der aler Gemeng Eech huet hire 75jähregen Anniversaire e Samschdeg, den 20. Mäerz mat enger Seance académique gefeiert. De President vum Syndicat hat d’Presidentschaft vum Organisatiounscomité iwwerholl. D’Kanner vun de Karmeschen an den Dummeldenger Kanner- a Jugendchouer hu fir de musikaleschen Deel gesuergt. Riedner waren den Här Marc Fischbach, an d’Schäffin vun der Stad Lëtzebuerg d’Madame Simone Beissel. De Roger Medernach huet e Film vu 50 Minuten gewissen iwwert d’Eecherschmelz, de Sanatorium aus dem Bambesch, der Drepp Schëttermarjal, dem Charly. En Interview mam Schrotthändler Liébaert vum Sennengerbierg iwwert d’Jener mat Gespréicher vu Weimeschkiercher Awunner a Gesank vum Weimeschkiercher Kierchesank an der Grupp Lompekréimer. Dës Filmer hate groussen Uklank bei sämtlechen Uwiesenden fond.
Mir wënschen der Asti, dem Dummeldénger Kierchegesank an der Entente nach weider vill Succès.

Onse Kulturwee
Nodeems mir eng positif Äntwert vum Här Buergermeeschter Paul Helminger kruten, hate mir den 12. November eng Réunioun am LCTO mam Här Pinnel, senger Mataarbechterin, der Madame Sietzen vun der (VDL ) an dem Här Robert Kieffer vun der Agence Binsfeld. Vum Syndicat war d’Madame Denise Heywang an de Pit Ludwig present. Den 30. November huet de Pit Ludwig sech mam Här Kieffer an den Hären Jean-Denis Rischard an Alain Emering vun MDI getraff fir de genaue Wee festzeleeën. MDI realiséiert d’Kaart vum genauen Traçé vum Wee. D’Madame Annette Weiwers-Probst huet ons e Logo entworf, fir d’Schëlder, déi de Wee uweisen. D’Kaart vum Wee an d’Texter op däitsch, franséisch an englesch si fäerdeg, a mir wäerten elo nach mussen d’Biller eraussichen, déi op d’Prospekter kommen, da kann mam Drock ugefang ginn. Mir hoffen, datt d’Aweihung vum Wee am Summer stattfënnt.

«Streetworker» fir Eech, Dummeldéng, Weimeschkierch, Beggen a Rollengergronn
An der Comitéssëtzung vum 22. September huet d’Joffer Sofia ons iwwert hir Aarbecht informéiert, déi dra besteet fir déi Jonk an der Strooss opzesichen, déi kéng Bindung hunn, Problemer an der Schoul, oder op der Aarbecht hunn, oder am Chômage sinn. Si helleft andeems se informéiert, dirigéiert, guidéiert (zB. Fichen ausfëllen Rendez-vouen z’arrangéieren asw. Dës Aktioun gett finanzéiert vum Service Médiateur an der Stad Lëtzebuerg. De Bureau ass am Amigo. Ons Hëllef kann dora bestoën d’Joffer Sofia z‘informéieren wou et Problemer mat Jugendleche gëtt, fir datt si sech da mat hinnen trefft.

Nuetskaméidi an der Sportshal Pierre Pelkes zu Dummeldeng a ronderëm.
D’Sportshal war oft samschdes besat vu Veräiner oder Organisatiounen, déi do hir Fester ofgehalen hunn mat schrecklechem Kaméidi während der ganzer Nuecht. Duerch Interventioun vum Syndicat, Awunner aus der Noperschaft an dem René Kollwelter huet de Schäfferot d’Décisioun geholl kéng Fräinuecht méi fir de Centre Pierre Pelkes z’akordéieren. Elo ass de Problem geléisst, wëll ouni fräi Nuecht ass et net méi attraktiv e Bal do ofzehalen.

Luuchten a schneide vun der Trauerweid beim Centre culturel zu Eech.
Endlech ass d’Installatioun vun enger Luucht fäerdeg beim Centre zu Eech an d’Awunner kënnen sech owes op d’Bänk bei der Trauerweid sezten ouni Angscht ze hunn. Bei der Installatioun vun der Luucht sinn d’Wuerzelen vun der d’Trauerweid schwéier beschiedegt ginn an doduerch hu missen d’Aescht vum Service des Parc zreckgeschnidde ginn. Si hunn d’Wuerzelen behandelt a mir hoffen datt deen ehrwürdege Baam séch erem erkritt.

Verbued fir Autoën um Dummeldenger Bierg
Dëst hate mir gefrot an engem Bréif un de Schäfferot. An der Äntwert vum 10. November krute mir matgedeelt, dass ët an Zoukonft verbueden ass um Bierg ze fueren, ausser deene Leit déi do wunnen oder d’Baueren mat hire Maschinen. E Verbuedsschëld gëtt opgestallt um Bierg beim Waasserreservoir.

Skatepiste zu Dummeldeng
No onser Interventioun iwwert d’Skatepiste zu Dummeldeng krute mir vum Här Al. Lenners folgend Mail: Moien Här Ludwig, Merci fir d’Nofro. Nodeems dass d‘Arbechten an der rue Nic Hein fäerdeg waren, haten mir mat de Skater virun e pur Wochen eng Réunioun, fir ze kucken wéi mer d’Skatesport-installatioun zu Dummeldeng nees können, méi zweckméisseg wéi virdrun, a Betrieb huelen. Et war effektiv esou dass d‘Skater nët ganz zefridden waren mat dem Material wat do stung an si sollten eis eng Propose maachen wéi se sech dat virstellen.
Mir hu festgehalen dass mir eng Partie Skatemoduler, déi mer vum Service des Sports iwwerholl hunn, de Wanter an eisem Atelier, no den Wënsch vun de Skater, ëmbauen.
Am Fréijoer ginn déi Moduler dann nees obgestallt.
Ech hoffen dass dat och an Ärem Sënn ass.
Bis geschwënn Al Lenners

Velospiste vun Dummeldéng iwwert den Tracé vum Charly op de Kierchbierg a Niederanven
Mat der Hëllef vum Bauteminister Claude Wiseler, deen ons an onsem Projet vun der Velospiste voll ënnerstetzt, hoffen mir dass mir no 20 Jor endlech Satisfactioun kréien an d’Piste realiséiert gëtt. An engem Telefonsgespréich mat dem Här Marcel Watry, Conseiller de direction 1er classe am Bauteministär krut de President matgedeelt, datt sämtlech Autorisatiounen elo virleiën an datt elo nach op den Accord vun der Stad Lëtzebuerg, déi op de Glasbueren zwee Waasserbehälter gebaut huet geward gëtt. Den Här Watry méngt datt no e puer Annerungen vun der Piste am Hierscht mat der Realisatioun kann ugefang ginn.

Rendez-vous mam Buergermeeschter an der Märei
e Freideg, de 26. Februar ëm 11.00 Auer

Uwiesend war den Här Buergermeeschter begleed vun sengem Sekretär a 6 Chefs de Services vun der Stad Lëtzebuerg.
Vum Syndicat: Dammen Odette Berend an Denise Heywang. D’Hären Pit Ludwig, Raymond Schroeder an Théo Schreiber.

Diskussionspunkten.

1.) D’Renovatioun vun der fréierer Schräinerei Drescher
Den Här Buergermeeschter informéiert ons, datt wéinst finanzielle Problemer d’Restauratioun vum Budget erofgeholl gouf. Mir verstinn dëst net wou mir dat lescht Joer nach versprach kruten, datt dëst d’Joer mat den Aarbechten géing ugefang ginn. D’Realisatioun vun den definitive Pläng sinn och gestoppt ginn. Mir hunn awer intervenéiert, datt wéinstens Pläng solle fäerdeg gemaach ginn fir wann d’Finanzen vun der Gemeng erëm besser do stinn d’Restauratioun vum Drescheshaus op de Budget kënnt an endlech no bal 20 Joer ugefang gëtt.

2) Soziale Wunnengsbau am Duerf zu Weimeschkierch
+ Verbreederung vun der Rue Munchen-Tesch
Hei realiséiert d’Bautekommissioun vun der Gemeng Lëtzebuerg eng nei Maquette vun der ganzer Plaz wéinst engem Awunner, den an der Noperschaft eng gréisser Ännerung mecht. De Projet vum Soziale Wunnengsbau gëtt realiséiert mat méi breeden Trottoiren an der Munchen-Tesch.
3) Wéini sinn d’Aarbechten ofgeschloss am Fond St. Martin + Verkéiersproblemer
Den Här Hoffmann vun der Voirie huet ons informéiert datt beim Här Breyer d’Mauer an d’Rei gesat gëtt soubal d’Wieder et erlabt. Kuurz virun Ouschteren ass mat den Aarbechten ugefang ginn mat dem Scheiden vun den Dennen. D’Stad Lëtzebuerg ass och am Bild iwwert dat chaotescht Parken am Fond St. Martin. Fir hei Plazen anzezeechnen ass net méiglech wëllt d’Strooss ze eng ass. Wann ee mat sengem Auto d’Strooss blokéiert da muss d’Polizei kommen an den Auto ofschlefen loossen.
4) Méi Secherheet fir d’Awunner an d’Schoulkanner um Trottoir vun der Eecherbréck.
Wéi all Joer krute mir d’Äntwert datt dëst eng Staatsstrooss ass an dofir de Bauteminister Här Wiseler responsabel ass. Den Här Buergermeeschter huet ons gesot, datt den Här Wiseler am Bild vum Problem ass. Mir verlangen vun der Stad Lëtzebuerg datt si méi Drock op de Staat mecht, an datt net esou lang gewart gëtt bis ee schlëmmt Akzient geschitt ass.

5) Parking vu Camionetten zu Weimeschkierch
De Raymond Schroeder informéiert den Här Hoffmann vum Sevice de la Circulation datt de Verbued vum Parken vu Camionetten an der rue des Sources ëmmer manner respektéiert gëtt. Him ass schons gesot ginn, datt en Egentëmmer vun enger Camionette säin Auto esou lang do parkt bis e protokolléiert ginn ass. Den Här Hoffmann informéiert ons datt séng Mataarbechter nëmmen eng Camionette am Fond St. Martin gesinn hunn. Dëst ass schon eng zevill a mir hu méi Kontrollen vum Service Parking verlangt.

6) Fäerdegstellung vun der rue des Grottes zu Eech.
Nom HärJean Hoffmann sinn dës Aarbechten nach net um Programm. A kuurzer Zäit gëtt vun der Firma Rollinger nach e gréissert Lotissement realiséiert, an dofir wëllt d’Stad Lëtzebuerg nach ofwaarden fir d’Strooss an d’Rei se setzen. Dëst gëtt e schwierege Problem.

7) Fäerdegstellung vun der rue Schetzel an der route d’Eich/route de Beggen
Den Här Zahlen, responsabel fir dës Chantieën huet ons gesot, datt d’Aarbechten an der rue Schetzel an engem gudde Mount ofgeschloss sinn bis op den definitiven Tapis, deen nëmmen bei guddem Wieder ka gemaach ginn. De Chantier op der Eecherstrooss gëtt wéi virgesinn Enn dëst Joër fäerdeg. Elo gëtt ugefang mat dem Stéck vun der Dummeldénger Tankstell an der Montée Pilate. Wéinst der schmueler Strooss muss de Verkéier mat Luuchte geregelt ginn wat gréisser Verkéiersproblemer mat sech bréngt,
Den Här Buergermeeschter proposéiert d’Awunner iwwert déi Problemer, déi do kënnen optrieden mat engem Schreiwes z’informéieren.

8) Vitessemelder a méi Verkéierskontrollen an den Zonen 30
Vitessemelder ginn a kenger Zone 30 vun der Stad Lëtzebuerg opgestallt. Wëll dat net méiglech ass mussen awer méi Kontrollen vun der Polizei gemaach ginn. Wéinst dem Chantier an der rue de Beggen huet de Schläichwee duerch d’Stroossen rue des Hauts-Fourneaux, rue Nicolas Hein a rue du Château enorm zougeholl, dofir missten nom Här Buergermeeschter méi Vitessekontrollen an dëse Stroosse gemaach ginn, besonesch an der rue Nicolas Hein wéinst deene ville Schoulkanner. Déi grouss Gefor besteet, dass wann d’Autofuerer emol um Schläichwee sinn no der Fäerdegstellung vun den Aarbechten op der Beggenerstrooss, dës Strooss net méi benotzen. Och während den Aarbechten an der rue de Beggen kënnt een um Chantier oft méi schnell virun, wéi um Schläichwee, wéinst der Bréck iwwert d’Eisebunn an der Barriär zu Dummeldeng.

9) Eng Busaubette op der Neier Iechternacherstrooss ënnert der
Foussgängerbrëck um Arret Linn 19 an RGTR-Bussen an op der Eecherbréck.
D’Autorisatioun vir d’Busaubette op der neier Iechternacherstrooss ass do, an a kuurzer Zäit ka mat den Aarbechten ugefang ginn. D’Busaubette op der Eecherbréck war vergiess ginn. De Buergermeeschter huet ons an engem Bréif matgedeelt, datt d’Aubette op der neier Iechternacherstrooss an der Woch vum 14. Abrëll realiséiert gëtt. Op der Eecherbrëck kënnt och eng Aubette. Beim neie Kontrakt vun 2010 mat der Firma Decaux gëtt op der Säit vun de Scouten eng Aubette virgesinn. De President huet och nach emol intervenéiert wéinst der Buslinn 19, déi owes a Sonndes net op d’Ennstatioun rue Dunant fiert, mee nëmmen bei de Centre zu Eech. Aus Zäitgrënn kënnt dëst net realiséiert ginn, wëll de Bus nëmmen 11 Minutten zu Eech hält fir bis an d’rue Dunant ze fueren brauch de Bus 16. Minuten.

10) Baulücken II zu Weimeschkierch (eidel Häiser)
Am Dezember kënnt de neie Projet vun de Baulücken II. Wat ons Uertschaft Weimeschkierch betrëfft komme folgend Häiser op de Programm: 42-44 rue de Kirchberg - 12-14 rue Schetzel an 1-13 rue des Forains.
D’Haus am Fond St. Martin ass restauréiert ginn, an d’Haus an der rue des Hauts-Fourneaux Nr 22 och mam Haus an der rue de la Scierie sinn d’Restauratiounsaarbechten am gaang. Zu Dummeldeng waard dann nach d’Haus an der rue du Château op hir Renovatioun.

11) Ouverture nocturne prolongé
Dëst betrëfft ons net. Fir bis moies 6 Auer kënnen opzemaachen däerf ee net an engem Quartier résidentiell leiën. Wa Problemer optrieden wäerte mir ons gläich wieren. Wat de Kaméidi betrëfft huet den Här Buergermeeschter gesot, dat bis elo nach keng Normen bestinn. D’Polizei huet och keng Apparater fir de Koméidi ze moossen, dat ka nëmmen de Service vun der Douane an den Ëmweltservice.

12) Kichen fir den «Centre am Duerf zu Weimeschkierch
Der Kichen vum Centre am Duerf ass dat selwecht geschitt wéi dem Drescherhaus. Hei besteet awer d’Méiglechkeet datt d’Kichen éischter realiséiert gëtt wéinst dem Käschtepunkt. Fir d’Feier vum 75. Anniversaire vun der Entente ass d’Kichen awer net fäerdeg.

13) De Knaschteck vum Haus Klückmann
Dest ass dee gréisste Schandfleck aus der ganzer aler Gemeng Eech. Besonnesch d’Haus vun der Madame Denise Heywang kritt doduerch grousse Schued. (Ongeziever a Fichtegkeet). D’Haus ass verkaaf un ee Promoteur deen op d’Autorisatioun waart fir de Knaschteck ofzerappen. Mir hunn nach emol bei der Madame Martine Vermast reklaméiert. Si huet ons versprach nozekucken wou d’Autorisatioun léit an d’Madame Haywang z’iinforméieren.

Schluss vun der Entrevue géint 12.20 Auer.