Warning: Creating default object from empty value in /home/www/web940/web940u1/html/included/functions.php on line 292 SEDW.lu

INFO 2011

Deprecated: preg_replace(): The /e modifier is deprecated, use preg_replace_callback instead in /home/www/web940/web940u1/html/included/functions-formatting.php on line 76

De Comité vum Syndicat

President: Pit Ludwig
Vize-President: Sonja Wolsfeld, Raymond Schroeder
Sekretär: Pit Ludwig a Fränk Weiwers
Caissière: Odette Neumann

Memberen: Tilly Bausch, Denise Heywang, Françoise Koltz. Claudine Tockert, Laura Zuccoli,
Albert Dondelinger, Carlo Meyer, Fränk Weiwers Nico Weydert, an Yvonne Muller

Sekretariat
De Sekretariat ass vum President Pit Ludwig mat der Hëllef vum Fränk Weiwers gemaach ginn.

Äddy Théo,
Den Théo huet ons Samschdes, den 18. September 2010 no laanger Krankheet fir ëmmer verlooss. Mir soen onsem laangjäregen Comitésmember Théo Schreiber merci fir säin Asaaz am Dengscht vun allen Awunner aus der aler Gemeng Eech, a wäerten hien a beschter Erënnerung behalen. Mam Théo verléiere mir e gudde Frënd, an d’Entente e gudde President, deen sech mat grousser Energie fir d’Veräiner agesaat huet. Senger léiwer Madame Colette a senge Kanner drecke mir ons déifst Matgefill aus. Mir haten eng Annonce an d’Letzebuerger Wort gemaach an en Don iwwerwisen.

Merci Odette,
Vum 1 September 2010 un, ass d’Odette Berend Biergerin vun der Gemeng Grevemaacher, an huet doduerch seng Démissioun als Comitésmember vum Syndicat ginn. Mir soen dem Odette villmols merci fir all déi gutt Aarbecht, déi hatt am Comité vum Syndicat geleescht huet. d’Odette huet selten e Comité verpasst a mir wäerten och an d’Zukunft ëmmer mat him a frëndlechem Kontakt bleiwen. Odette looss dir an denger neier Heemecht de Miseler Wäin gutt schmaachen.

Aktivitéiten:

De Comité huet am vergaangene Joer 8 Comitéssëtzungen ofgehalen, an huet schrëftlech beim Staat a Schäfferot intervenéiert, fir séng Doléancen virzeleën. Och telefonesch hate mir Kontakt mat sämtlechen Gemengeservicer fir si iwwert d’Problemer an d’Bild ze setzen. De Comité huet séch mam Schäfferot getraff fir iwwert Doléancen a Projeën ze diskutéieren.
Mir ware vertrueden op de Generalversammlungen vun der Entente des Sociétés de l’Ancienne Commune d’Eich, eisen Noper­syndicater Kierchbierg, a Pafendall, der USILL, der «Porte ouverte vum Institut Emile Metz», a sämtlechen Delegatiounssëtzungen vun der USILL. Mir waren an den zwou Informatiounsversammlungen (Hierscht a Fréijoër) vun der Stad Lëtzebuerg iwwert ons Quartiéën Weimeschkierch, (um Cents) Eech an Dummeldeng (zu Beggen).

De Syndicat feiert säi 50. Anniversaire
De 19. Mäerz 1961 am Café Odéon zu Eech huet en Aktiounscomité aus der aler Gemeng Eech de «Syndicat d’Initiative Eich-Dommeldange-Muhlenbach-Weimerskirch» gegrënnt.1984 huet d’Sektioun Millebaach sech vun ons getrënnt. Ons Generalversammlung fënnt all Joer Enn Mäerz statt. Munches ass duerch den Asaaz vum Syndicat realiséiert ginn. Hei déi wichtegst Realisatiounen aus deene 50 Joer: n Vergréisserung vum Tunnel ënnert der Eisebunn tëschent Eech a Weimeschkierch n Kulturzenteren zu Eech an zu Weimeschkierch n Nei Gestaltung vum Lavalspark n Nei Iechternacherstrooss op dem Traçé vum Charly fir d’Eecherstross z’ëntlaaschtenn Vergréisserung vum Kierfecht mat enger gedeckter Aseenungshal n Neie Schoul- a Sportkomplex zu Dummeldeng an zu Eech n Neigestaltung vun der rue du Château, rue des Hauts-Fourneaux, rue Nicolas Hein, Montée Pilate, rue des Sources, rue Schetzel, rue Laroche asw. n Amenagement vun der Duerfplaz zu Dummeldeng mat vill Beem an engem schéine Bur. n Waasser- a Kanaluschloss fir d’Awunner vum Eecherfeld n Spillplazen an Multisport-Terrainen fir ons Kanner n Informatiounsrayder an onsen 3 Sektiounen n Busslinnen an Aubetten n Zoumaachen vun der Casa mam Enn vum Ëmweltproblem n 30Km-Zonen an verschiddene Stroossen n Lifting fir de Parc Collart hannert der rue Jacques de Deventer an nach vill aner Realisatiounen, déi mir net all kënnen opzielen.
Och an der Zukunft setzt sech de Syndicat an fir all Problemer, déi an onse Quartieën bestinn a mecht Verbesserungsvirschléi. Op onsem Programm: n D’Velospiste iwwert den Traçe vum Charly vun Dummeldeng op d’Velospiste Lëtzebuerg-Iechternach n d’Restauratioun vun der Schräinerei Drescher, déi no hirer Fäerdegstellung de Veräiner an den Dummeldenger Awunner zur Verfügung stoë soll n De Klassement vum Bur mat de Maueren um Enn vun der rue des Hauts-Fourneaux duerch de Site et Monuments n Neigestaltung vun der rue des Grottes an dem Fond St. Martin a nach vill aner Problemer vun Ëmwelt, Verkéier, Liewensqualitéit asw.
E grousse Merci un all Presidenten a Comitésmemberen, déi sech an deene vergaangene 50 Joer sech fir d’Awunner aus der Aler Gemeng Eech agesaat hunn.

Fir onse 50jäeregen Anniversaire ze feieren organiséiere mir Freides, den 13. Mee 2011 em 20.00 Auer eng jéinesch Soirée am Centre Am Duerf zu Weimeschkierch. Um Programm stinn Virträg vun Filmer, Texter a Lidder a jéinescher Sprooch. Den Oliver Kayser informéiert déi Uwiesend iwwert d’Geschicht vun der jéinescher Minoritéit.

Samschdes, de 14. Mee 2011 ëm 15.00 Auer, Inauguratioun vun onsem «Circuit de l’ancienne commune d’Eich - Le berceau de l’industrie sidérurgique luxembourgeoise», dee mir mat der Ënnerstetzung vun der Stad Lëtzebuerg an dem LCTO realiséiert hunn. D’Prospekter sinn an dräi Sproochen mat onser grousser Zefriddenheet gedreckt ginn. Et besteet och eng Iwwersetzung a portugiesescher Sprooch Fir deene Leit, déi onse Wee an d’Zukunft trëppelen eng zousätzlech Hëllef z’offréieren, installéiert d’Stad Lëtzebuerg nach Weeweisschëlder (ongeféier 32). Op der Dummeldenger-Gare, wou den Départ ass, gëtt e grousst Schëld installéiert mam Plang vum Wee.

De genaue Programm vun der Jéinesch-Soirée an der Inauguratioun vun onsem Wee fand Dir Enn Abrëll op onsem Internetsite www.sdw.lu, an onse Rayder, oder an der Presse.

Kaméidi zu Eech vum Café Satourne.
Op onse Bréif un de Schäfferot iwwert de Kaméidi vum Café Satourne huet den Här Buergemeeschter de Gérant opgefuerdert an Zukunft besser op d’Lautstärkt vun der Musek opzepassen an huet hien doriwwer eraus a Kenntnis gesaat, dass hien a nächster Zäit keng fräi Nuechte méi accordéiert kritt.

D’Hecken beim Centre am Duerf zu Weimeschkierch.
Op ons Interventioun bei der Stad Lëtzebuerg sinn d’Hecken niewend dem Haus vun der Famill Tockert geschnidden ginn, an doduerch ass déi Plaz méi secher virun Vandalismus.

Doleancen:
Madame Angèle Seyler huet dem Sonja ugeruff an him hier Onzefriddenheet matgedeelt iwwert d’Parkproblemer an der rue Schetzel an an der rue du Soleil, bedéngt duerch déi nei Residenzen déi do gebaut ginn. D’Madame Seyler hat och en Artikel am Lëtzebuerger Wort publizéiert. Och d’Televisioun war mat hirer Sendung dem «Nol op de Kapp» op der Plaz an huet iwwert de Problem bericht. De Comité vum Syndicat ass och net frou iwwert dëse Problem a wëllt d’Awunner ënnerstetzen.

Biomüllsammlung
Vum 7. Oktober un offréiert d’Stad Lëtzebuerg all Donneschdeg eng Biomüllsammlung. Et bestinn zur Auswiel 3 Modellen Biotonnen: vun 40 Liter (27 Euro), 120 Liter (19 Euro), an 240 Liter (26 Euro). Den Ufank vun der Sammlung ass an de Quartieën Céisseng, Neiduerf, Weimeschhaff, Belair, Beggen, Dummeldeng a Bouneweg a bis 2013 an der ganzer Gemeng Letzebuerg.

Fréijorsbotz 2011 vum 4. - 22. Abrëll
Wéi all Joer organiséiert d’Stad Lëtzebuerg eng Fréijoesbootz. Dir kënnt de responsablen Service vun der Stad Lëtzebuerg informéieren iwwert Plaaze wou Knascht ass.
Tel. 4796-3640 Fax 45 39 58 oder Email hygiene@vdl.lu.
Wann ee Veräin sech wëllt un der Aktioun bedeelegen kritt e vum Hygienendéngscht dat neidegt Material zur Verfügung gestallt.

Elektronesch Informatiounstafelen fir de Bus.
D’Stad Lëtzebuerg huet e Freideg, de 17. September 2010 déi éischt elektronesch Informatiounstafelen fir de Bushoraire ageweiht. Doduerch ginn d’Busbenotzer genau informéiert wéini de Bus kënnt. Mir hoffen, dass och esou Tafelen op d’Eecherplaaz kommen.

«Streetworker» fir Eech, Dummeldéng, Weimeschkierch, Beggen a Rollengergronn
An der Comitéssëtzung vum 22. September huet d’Joffer Sofia ons iwwert hir Aarbecht vum Streerworker informéiert, déi doran besteet fir déi Jonk an der Strooss opzesichen, déi kéng Bindung hunn, Problemer an der Schoul, op der Aarbecht hunn, oder am Chômage sinn. Si helleft andeems se informéiert, dirigéiert, guidéiert (zB. Fichen ausfëllt Rendez-vous arrangéiert asw. Dës Aktioun gëtt finanzéiert vum Service Médiateur an der Stad Lëtzebuerg. De Bureau ass am Amigo. Ons Hëllef kann doran bestoën d’Joffer Sofia z‘informéieren wou et Problemer mat Jugendleche gëtt, fir datt si sech da mat hinnen trefft.
An d’Zukunft sollen d’Streetworker och e Sall an der Dummeldenger-Gare zur Verfügung gestallt kréien fir sech deene villen Jugendlecher a Studenten unzehuelen..

Nuetsbus Nr 4 fir Weimeschkierch-Kierchbierch-Eech an Dummeldeng
No villen Interventiounen bei der Stad Lëtzebuerg kréie mir endlech en Nuetsbus.

Skatepiste zu Dummeldeng
No onser Interventioun iwwert d’Skatepiste zu Dummeldeng an der rue Nicolas Hein krute mir Satisfactioun. D’Skatepiste ass nees installéiert a gëtt vu villen Jugengleche benotzt. Mir soën dem Här Al. Lenners villmols merci.

Velospiste vun Dummeldéng iwwert den Tracé vum Charly op de Kierchbierg a Niederanven
No villen Telefonsgespréicher mat dem Här Marcel Watry, Conseiller de direction 1er classe am Bauteministär an dem Här Reimen responsabel fir d’Velospisten bei der Ponts & Chaussées, ass ons versprach ginn dass an engem Mount déi definiv Pläng am Ministär wären fir de finanziellen Akkord. Mir wäerten dohannert bleiwen, dass no 25 Joer endlech mat den Aarbechten ugefang gëtt.

Rendez-vous mam Buergermeeschter an der Märei
e Freideg, den 25. März ëm 11.00 Auer

Uwiesend war den Här Buergermeeschter, begleed vun de Schäffen Lydie Polfer, Simone Beissel a Vivianne Loschetter, sengem Sekretär a 5 Chefs de Services vun der Stad Lëtzebuerg.
Vum Syndicat: Dammen Sonja Wolsfeld an Denise Heywang. D’Hären Pit Ludwig, Raymond Schroeder an Fränk Weiwers.

1.) D’Renovatioun vun der fréierer Schräinerei Drescher
Den Här Buergermeeschter informéiert ons, datt keng finanziell Problemer méi bestinn fir d’Restauratioun. Den Här Achten vum Service de l’Architecte léisst nei Plangen realiséieren no enger Entrevu déi hien mam President hat. Mir hoffen datt elo endlech mat der Renovatioun ugefang gëtt.

2) Soziale Wunnengsbau am Duerf zu Weimeschkierch
+ Verbreederung vun der Rue Munchen-Tesch
De Projet vum Soziale Wunnengsbau mat der Verbreederung vun der Rue Munchen-Tesch gëtt néi iwwerschaft.

3) Aménagement vum Fond St. Martin + Verkéiersproblemer
Den Här Hoffmann vun der Voirie huet sech dem Problem vum Zoustand vun der Strooss am Fond St. Martin ugeholl. Wat d’Parken am Fond st. Martin ubelangt gëtt no enger Léisung gesicht. Mir kruten och versprach, dass Beamten vum Circulatiounsdéngscht owes méi oft hei passéieren fir d’Camionetten aus dem Fond St. Martin erauszekréien.

4) 50. Anniversaire vum Syndicat
Mir kréien en Subside fir onse 50. Anniversaire vun der Stad Lëtzebuerg.

5) Luchten um Busarrêt virum Centre Culturel zu Eech
De Service vun der Post mecht op dëser Plaaz e Gruef an da profitéiert d’Stad Lëtzebuerg dovun zousätzlech Luuchten z’installéieren. De Problem mat de Schoulbussen wär ëmmer nemmen eng kuurz Zäit an et gëtt och kéng aner Léisung.

6) Fäerdegstellung vun der rue des Grottes zu Eech an d’Grotte mam Kräizgang an der Montée Pilate.
Nom Här Jean Hoffmann sinn dës Aarbechten nach net um Programm. A kuurzer Zäit gëtt vun der Firma Rollinger nach e gréissert Lotissement realiséiert, an dofir wëllt d’Stad Lëtzebuerg nach ofwaarden fir d’Strooss an d’Rei se setzen. Dëst gëtt e schwierege Problem. Iwwert de Kräizwee an der Montée Pilate informéiert sech d’Sonja Gengler vun der Stad Lëtzebuerg.

7) Aweihung vum Circuit de l’Ancienne Commune d’Eich
Op Propositioun vum Här Buergermeeschter ass d’Aweihung vum Sentier de 14. Mee ëm 15.00 Auer op der Dummeldenger Gare wéinst der Ouverture vun der Foire. Géint 17.00 Auer ass dann eng kleng Receptioun am Centre am Duerf zu Weimeschkierch. Den Eierewäin kréie mir gestallt vun der Stad Lëtzebuerg.

8) Busaubette Echerbréck
De Circulatiounsservice vun der Stad Lëtebuerg aménagéiert d’Plaz virum Scoutsgebäi nei. Spéider kënnt dann och eng Busaubette dohinn.

9) Baulücken II zu Weimeschkierch (Parkproblemer)
D’Stad Lëtzebuerg ass sech bewosst vum Parkplaazeproblem an der Rue Schetzel. Hei sollen 18 nei Parkplaazen kommen.

10) Schandfleck Haus Klückmann an aner Schandflecken
Onsem Comitésmember Denise Heywang ass vum Promoteur versprach ginn, dass an 3 Méint de Schandfleck verschwonnen ass. De Präsident huet de Buergermeeschter nach iwwert en aneren Schandfleck an der rue des Hauts-Fourneaux informéiert. D’Madame Sonja Gengler informéiert sech fir de Propriétär vun dësem Schandfleck ze fannen.

11) Problemer an der Thommysbruch
Mir hunn ons Doléancen och gemaach iwwert d’Poubellen a schlecht Belichtung an der Thommysbruch. D’Madame Loschetter reklaméiert beim Hygienenservice.

12) Divers
Fir d’Kichen am Centre Culturel zu Weimeschkierch gëtt no enger anerer Léisung gekuckt. Onse Citynightbus Nr 4 soll vum 1. Abrëll 2011 un fueren. De fäerdegen Belag vun der Eecher a Beggenerstross soll de Weekend vum 26-27. Mäerz gemaach ginn.

Schluss vun der Sëtzung am Stadhaus géint 12.15 Auer.