Warning: Creating default object from empty value in /home/www/web940/web940u1/html/included/functions.php on line 292 SEDW.lu

Programm Jéinerfest + Aweihung vum Wee

Deprecated: preg_replace(): The /e modifier is deprecated, use preg_replace_callback instead in /home/www/web940/web940u1/html/included/functions-formatting.php on line 76

De Comité vum Syndicat d’Initiative invitéiert Iech häerzlechst op hir Jéinesch-Soirée e Freideg, den 13. Mee ëm 20.00 Auer am Sall vum Centre am Duerf zu Weimeschkierch.

Dir Buggeren, an Hautzen, brengt Är Mossen an Är Dellercher allerguerte matt. Hei kënn Dir mossellen a klaussen bei engem gudde Patt.

Um Programm:
Den Oliver Kayser vu jéinescher Ofstammung a Museker vun dem Lompekréimergrupp informéiert ons iwwert d’Kultur vun de Jéiner an den Zigeiner.
D’Kanner aus dem Kannernascht spillen e kuerzt Theaterstéck iwwert d’Jéiner. De Roger Medernach weist ons Filmer zum Thema Jéiner mat Gedichter, Gespréicher a Gesank a Jeinescher Sprooch mat der Presenz vum Änder Bausch a Pir Liébaert.
D’Lompekréimergrupp suergt fir de musekaleschen Deel.

E Samescheg, de 14. Mee weie mir onse Wee

«Circuit de l’ancienne commune d’Eich -
Le berceau de l’Industie sidérurgique luxembourgeoise»

dee mir zesumme mat der Stad Lëtzebuerg an dem LTCO realiséiert hunn an. De Prospekt gouf vun der Editioun Guy Binsfeld an de Plang vum Wee vun MDI realiséiert. De Flyer mat der Beschreiwung an der Kaart vum Wee fannt Dir an dräi Sproochen am Luxembourg Tourist Office.
Den Départ ass ëm 15.00 Auer op der Dummeldénger Gare.
Géint 17.00 Auer ass eng kleng Receptioun am Centre Am Duerf zu Weimeschkierch.

An der Hoffnung, Iech op dëse Manifestatiounen kënnen ze begréissen, verbleiwe mir mat deene beschte Gréiss.

De Comité vum Syndicat