Warning: Creating default object from empty value in /home/www/web940/web940u1/html/included/functions.php on line 292 SEDW.lu

INFO

Deprecated: preg_replace(): The /e modifier is deprecated, use preg_replace_callback instead in /home/www/web940/web940u1/html/included/functions-formatting.php on line 76

SEDW-NIOUZ
(Syndicat d’initiative Eich-Dommeldange-Weimerskirch)
Internetsite: SEDW.lu

50. Anniversaire vum Syndicat:
De Comité vum Syndicat seet dem Schäfferot vun der Stad Lëtzebuerg villmools Merci fir d’finanziell Ënnerstëtzung zum 50. Anniversaire, duerch ee gréisseren Don, e finanzielle Bäitrag fir d’Realisatioun vum CD iwwert d’Jéinesch Sprooch an de Kaf vun zwee Biller vum Här Fernand Zens iwwert Weimeschkierch vu fréier, déi am Centre am Duerf opgehang ginn.
Och e grousse Merci fir hiren Don: dem Minister Jeannot Krecké, dem Abbé Albert Backes, den Assurances Carlo Jung, ABITARE S.A. Dummeldeng, Arthur Lorang, Michel Wolsfeld, Odette Kauffmann, Pharmacie Pierre Marx, Ulrike Staedtler-Weiss, Café Am Duerf, Weimeschkierch, Guillaume Lorang, Famill Breier-Hilger an d’Union des Femmes Luxembourgeoises. Ouni d’Mathëllef vum Änder Bausch, dem Roger Medernach, dem Musekduo Lompekréimer an der Theatergrupp vun de Kanner aus der ASTI wär et ons net méiglech gewiescht eng Jéinesch-Soirée z’organiséieren, si hunn all beim Succès vum Fest bäigedroën, an dofir hinnen och onse grousse Merci.

Enn vun engem Schandfleck
No villen Interventioune vum Syndicat ass elo ee vun deene gréisseren Schandflecken aus der aler Eecher Gemeng verschwonnen. An der rue des Sources stong während längerer Zäit en Haus an engem desolaten Zoustand eidel, wat eng Gefor fir d’Kanner an d’Awunner war, a wou Raten an Ongeziewer gehaust hunn.
Endlech sinn elo am Dezember Neel mat Käpp gemaach ginn an de Schandfleck gett duerch e klengen neie Bauprojet ersat. Mir soën dem neie Eegentemer villmools Merci.

D’Wäinhäischen zu Dummeldeng fällt engem Bauprojet zum Opfer.
De Eegentemerr vum Wäinhäischen huet e Projet fir eng nei gréisser Residenz op sengem Terrain ze realiséieren an d’Stad Lëtzebuerg eragereecht, an huet och schon den 23. November 2010 en accord de principe kritt. De Syndicat huet bei der Stad Lëtzebuerg duerch e Bréif reklaméiert fir d’Erhaale vum Wäinhäischen. Dëst hätt jo kënnen an de neie Projet integréiert ginn. Déi Responsabel vum Architecktebüro vun der Stad Lëtzebuerg hunn ons awer net vill Hoffnung gemaach, dass d’Haus erhale bleiwt. Dëst ass elo no der dëcker Bich an der Charlysgare dat dret schéint Stéck Dummeldeng wat hei verschwënnt. D’Promoteuren hu nëmmen dat grousst Geschäft mam Geld virun Aën. Mat e wéineg Imaginatioun hätt e gutt d’Wäinhäischen an dee neie Projet kënnen integréieren. E grousse Merci un de Cercle Philiatélique Dummeldeng, déi dëst Jor am September fir hiren 50. Anniversaire en Timber mam Wäinhäischen erausginn hunn

Velospiste iwwert den Traçe vum Charly fir vun Dummeldeng op de Kierchbierg
Elo si mir schon iwwert 20 Joer mat dësem Projet am gang. No der Ënnerstëzung vum Här Minister Claude Wiseler, an den Autorisatiounen vum Ëmweltministär hate mir Hoffnung, dass elo endlech mat der Realisatioun kënnt ugefang ginn.
Wa mir bei dem Responsabelen Här vun de Velospisten vun den Ponts et Chaussées uruffen ass hien net opzedreiwen an anscheinend ëmmer schons op engem Chantier. Mir hunn ons Telefonsnummer uginn, dass hien ons soll kontaktéieren awer alles ëmsoss. Den Här Watry Conséiller de Direction 1ère classe hat och schons Informatioune bei him gefrot a krut versprach den Här vun der Ponts & Chaussees géing de Präsident uruffen. Elo si schons erëm e puer Méint vergaang a mir waarden nach ëmmer op den Uruff. Et muss een sech d’Fro stellen wien hei zu Lëtzebuerg Décisiounen hëllt. De Minister a seng Mataarbechter aus dem Minsitär stinn ganz positif zur Realisatioun vum Projet. Hei muss elo eppes ënnerholl ginn, wëll mir loossen ons nët méi vun der Ponts & Chaussées vera….

Ons nächst Generalversammlung ass e Méindeg, de 26. Mäerz ëm 20.00 Auer am Centre zu Weimeschkierch. Mir droe kéng Invitatioune méi an d’Häiser. D’Informatioune ginn op Plakater publizéiert, déi dir am Raider a Geschäfter fand, an och op eisem Internetsite www.sedw.lu.

De Comité vum Syndicat wënscht Iech vill Erfolleg bei gudder Gesondheet am Neie Jor.
Och am Neie Jor probéiere mir mat Iech Léisungen zu de Problemer ze fannen.

De Comité vum Syndicat