Warning: Creating default object from empty value in /home/www/web940/web940u1/html/included/functions.php on line 292 SEDW.lu

INFO GENERALVERSAMMLUNG 2012

Deprecated: preg_replace(): The /e modifier is deprecated, use preg_replace_callback instead in /home/www/web940/web940u1/html/included/functions-formatting.php on line 76

De Comité vum Syndicat

President: Pit Ludwig
Vize-President: Sonja Wolsfeld, Raymond Schroeder
Sekretär: Pit Ludwig a Fränk Weiwers
Caissière: Odette Neumann

Member: Tilly Bausch, Denise Heywang, Françoise Koltz, Claudine Tockert, Laura Zuccoli,
Albert Dondelinger, Carlo Meyer, a Fränk Weiwers

Aktivitéiten:
De Comité huet am vergaangene Joer 8 Comitéssëtzungen ofgehalen, an huet schrëftlech beim Staat a Schäfferot intervenéiert, fir séng Doléancen virzeleën. Och telefonesch hate mir Kontakt mat sämtleche Gemengeservicer fir si iwwert d’Problemer an d’Bild ze setzen.
De Comité huet séch mam Schäfferot getraff fir iwwert Doléancen a Projeën ze diskutéieren.
Mir ware vertrueden op de Generalversammlung vun der Entente des Sociétés de l’Ancienne
Commune d’Eich, op hirer Neijoërsreceptioun zu Beggen am Centre culturel, op der Generalversammlungen vun eisen Noper­syndicater Kierchbierg, Pafendall, Cents, der USILL an a sämtlechen Delegatiounssëtzungen vun der USILL, der «Porte ouverte vum Institut Emile Metz». Mir waren och an all Informatiounsversammlungen vun alle Parteien fir d’Gemengewalen. Mir waren present op verschidde Versammlungen vum Mouvement écologique, den 8. Dezember 2011 an op der Aweihung vun engem Sall an der Dummeldenger-Gare fir déi jonk Awunner. Den 8. Mäerz 2012 op der Aweihung vum neie Fussballsterrain am Pafendall fir de Red-Black/Egalité. Mir hunn de Pafendaller Syndicat ënnerstëtzt bei hirer Jéineschsoirée den 26. November 2011 am Sang a Klang.

50. Anniversaire vum Syndicat
Ons Jéinesch-Soirée ënnert dem Motto: Dir Buggeren, an Hautzen, brengt Är Mossen an Är Dellercher allerguerte matt. Hei kënn Dir mossellen a klaussen bei engem gudde Patt. Freideg, den 13. Mee ëm 20.00 Auer am Sall vum Centre am Duerf zu Weimeschkierch. Um Programm: Musek, Gedichter, Filmer an Theater dëst war e groussen Erfolleg. Am iwwerfëllte Sall hate mir d’Éier d’Miniterin d’Madame Octavie Modert, Deputéiert a Schäffen Lydie Polfer, Simone Beissel, Lucien Thiel, Martine Mergen, René Kollwelter an Théo Stendebach kënnen ze begréissen. Duerch de Syndicat ass Jéineschsprooch erëm ganz aktuell ginn. Et waren Reportagen op der Televisioun bei de Radioën vun RTL, DNR a 100,7. RTL hat am Summerprogramm e Quiz iwwert d’Jéineschsprooch gesend wou onse Frënd Änder Bausch hinne Froën an d’Äntwerte ginn huet. Och Privatleit, Studenten, an Gemengen hunn Informatioune gefrot. De President vum Pafendaller Syndicat huet gefrot ob si am Dall och kënnen eng Jéineschsoirée organiséieren, dat mir begréisst hunn. Dës Soirée war de 26. November an hat e grousse Succès.
De Comité vum Syndicat seet dem Schäfferot vun der Stad Lëtzebuerg villmools Merci fir d’finanziell Ënnerstëtzung zum 50. Anniversaire, mat engem gréisseren Don, e finanzielle Bäitrag fir d’Realisatioun vum CD iwwert d’Jéinesch Sprooch vum Roger Medernach an de Kaf vun zwee Biller vum Här Fernand Zens iwwert Weimeschkierch vu fréier, déi am Centre am Duerf opgehang ginn. Den Här Zens huet ons Biller ginn, déi de Moment beim Musée vun der Stad Lëtzebuerg sinn a spéider an de Centre am Duerf kommen.
Och e grousse Merci fir hiren Don: dem Minister Jeannot Krecké, dem Abbé Albert Backes, den Assurances Carlo Jung, ABITARE S.A. Dummeldeng, Arthur Lorang, Michel Wolsfeld, Odette Kauffmann, Pharmacie Pierre Marx, Ulrike Staedtler-Weiss, Café Am Duerf, Weimeschkierch, Guillaume Lorang, Famill Breier-Hilger an d’Union des Femmes Luxembourgeoises. Ouni d’Mathëllef vum Änder Bausch, dem Roger Medernach, dem Musekduo Lompekréimer an der Theatergrupp vun de Kanner aus der ASTI wär et ons net méiglech gewiescht eng Jéinesch-Soirée z’organiséieren, si hunn all beim Succès vum Fest bäigedroën, an dofir hinnen och onse grousse Merci.

Onse Kulturwee
Samschdeg, de 14. Mee 2011 war d’Aweihung vun onsem Wee «Circuit de l’ancienne commune d’Eich - Le berceau de l’Industrie sidérurgique luxembourgeoise» dee mir zesumme mat der Stad Lëtzebuerg an dem LCTO realiséiert hunn.
De Prospekt gouf vun der Editiouns Guy Binsfeld an de Plang vum Wee vun MDI realiséiert.
De Flyer mat der Beschreiwung an der Kaart vum Wee krit Dir an dräi Sproochen am
Luxembourg City Tourist Office.
Den Départ war ëm 15.00 Auer op der Dummeldénger Gare.
Géint 17.00 Auer war eng kleng Receptioun am Centre Am Duerf zu Weimeschkierch.
Uwiesend waren de Buergermeeschter Paul Helminger, de Schäffen François Bausch, den Direkter vum LCTO Roland Pinnel, den Direkter vum Uelzechtlycee, Comitésmembren vum Syndicat an Awunner aus der aler Gemeng Eech. De Wee huet groussen Uklang fond an ass scho vu villen Leit benotz ginn. De President hat eng Féierung mat de Profen vum Uelzechtlycee an de Guiden vum LCTO gemaach. Onse Frënd Fernand Theato ass de Wee schons epuer mol op Ufro mat Interessente gaang.

Velospiste iwwert den Traçe vum Charly vun Dummeldeng op de Kierchbierg
Elo si mir schon iwwert 20 Joer mat dësem Projet am gang. No der Ënnerstëzung vum Här Minister Claude Wiseler, an den Autorisatiounen vum Ëmweltministär hate mir Hoffnung, dass elo endlech mat der Realisatioun kënnt ugefang ginn.
Wa mir beim Responsabelen Här vun de Velospisten vun den Ponts et Chaussées ugeruff hunn war hien net opzedreiwen an ëmmer schons op engem Chantier. Dësen Här ass elo an der Pensioun an Ufangs Mäerz krute mir Kontakt mam neie Responsablen fir d’Velospisten. Hien huet ons versprach, dass elo nei Pläng gemaach ginn wëll de Belag vun der Velospiste aus Beton gemaach muss ginn, dëst vun der Iechternacherstrooss bis op d’Velospiste vum Kierchbierg. Dat kënnt awer 4 Méint daueren. Mir wäerten am Summer nofroën wéini d’Ausschreiwung ass a wéini mat den Aarbechte endlech kann ugefang ginn.

Enn vun engem Schandfleck mat neie Problemer
No villen Interventioune vum Syndicat ass elo ee vun deene gréisseren Schandflecken aus der aler Eecher Gemeng verschwonnen. An der rue des Sources stong während längerer Zäit en Haus an engem desolaten Zoustand eidel, wat eng Gefor fir d’Kanner an d’Awunner war, a wou Raten an Ongeziewer gehaust hunn.
Endlech sinn elo am Dezember Neel mat Käpp gemaach ginn an de Schandfleck gett duerch e klengen neie Bauprojet ersat. Mir soën dem neie Eegentemer villmools Merci.
Bei den Terrassementaarbechten, ouni eng ordentlech Analyse vum Terrain si nei Problemer opgetratt. D’Nopeschhäiser si gerutscht mat groussem Schued. Duerno ass och nach den Entrepreneur faillite.
Mir hoffen, dass séier Léisungen fond ginn, an dass endlech mat der neier Residenz ugefang gëtt.

Opmaachen vum Schoulhaff Allerhellgen zu Weimeschkierch
De President hat e Bréif un d’Mme Madeleine Kayser, Petit Passage 9, rue Chimay L-2090 Luxembourg gemaach fir datt d’Awunner Allerhellgen am Schoulhaff zu Weimeschkierch bei der Kierch kënne parken fir hir Blummen op d’Graw ze droën. Madame Kayser huet ons eng positif Äntwert zoukomme gelooss, dofir soe mir hir villmools merci.
De Schoulhaff war op den 31. Oktober 2011, 1. November 2011 an 2. November 2011

Rendez-vous mam Buergermeeschter a Schäfferot an der Märei
e Freideg, de 16. Mäerz 2012 ëm 15.00 Auer

Uwiesend war den Här Buergermeeschter Xavier Bettel begleed vun de Schäffen Simone Beissel, Viviane Loschetter, a Fränz Bausch, enger Sekretärin an déi responsabel Chefs de Services vun der Stad Lëtzebuerg.
Vum Syndicat: Dammen Denise Heywang an Tilly Bausch, d’Häre Pit Ludwig, an Carlo Meyer

Diskussionspunkten.

D’Restauratioun vun der fréierer Schräinerei Drescher
De Service de l’Architecte ass derbäi nei Pläng ze realiséieren. Soubal Pläng fäerdeg sinn kréie mir se nach emol gewissen fir onsen Accord ze ginn. Mir hoffen, dass dëst net ze laang dauert.

Soziale Wunengsbau am Duerf zu Weimeschkierch + Verbreederung vun der Rue Munchen-Tesch
Madame Gengler architecte informéiert ons, dass Pläng nach net fäerdeg sinn, an ass no enger Léisung gesicht gëtt fir dass d’Mauer net muss eweg maach ginn an dass d’Foussgänger duerch de klengen Tunnel ënnert der Eisebunn an d’rue Raspert kënnte goën.

Amenagement vum Fond St. Martin
Am Juli gëtt d’Kierchbiergerstrooss nei gemaach mat dem ënneschden Deel vum Fond St. Martin mat engem Trottoir. Den éiwegten Deel vum Fond St. Martin steet an deenen éischten zwee Joer nach net um Programm.

Kleng Griewer fir Urnen um Kierfecht zu Weimeschkierch
Hei besteet Hoffnung, dass eppes geschitt. De Schäfferot beschäfftegt sech an Zukunft mat engem Projet

Méi Offallkontäiner fir Pabeier a Glas zu Dummeldeng
E responsablen vum Service d’Hygiène trefft sech mam President zu Dummeldeng fir nach nei Plazen fir d’Container ze sichen.

Fäerdegstelle vun der rue des Grottes zu Eech an d’Grotte mam Kräizwee an der Montée Pilate
D’rue des Grottes gëtt nei gemaach wann de Projet Rollinger realiséiert ass. D’Grotte mam Kräizwee an der Montée Pilate ass ons gesot ginn, dass dëst e privat Terrain ass an am Bauperimeter läit an d’Stad Lëtzebuerg näischt kann ënnerhuelen. Den Dechen huet ons informéiert dass d’Grotte op Weimeschkierch a säi Gaart kënnt an d’Statiounen op Beggen virun d’Kierch. Fir dass d’Grotte erhale bléiw, hätt de Site misse klasséiert ginn. Mir haten eng Demande beim Site et Monument gemaach ouni Erfolleg.

Busaubette op der Eecherbreck
D’Stad Lëtzebuerg kritt nei schéin Busaubetten. Mir hoffen wann d’Plaz elo aménagéiert ass och eng Aubette dohi kënnt

Vitessebornen an den 30km-Zonen zu Dummeldeng
De Schäffen Fränz Bausch mengt, dass Vitessebornen näischt brengen, an dass déi net an enger Zone 30 installéiert solle ginn. D’Stad Lëtzebuerg kënnt a noer Zukunft mat der Polizei zesummen fir méi Kontrollen z’arrangéieren. Mir hunn der Polizei geroden, déi och an der Sëtzung present war bei de Kontrollen sech net dohinn ze stellen, datt jiddereen si gesäit, fir déi aner Autofuerer ze warnen soss bréngen esou Kontrollen och näischt.

Erhale vum Wäinhäischen zu Dummeldeng
De Eegentemer vum Wäinhäischen huet e Projet fir eng nei gréisser Residenz op sengem Terrain ze realiséieren an d’Stad Lëtzebuerg agereecht, an huet och schon den 23. November 2010 een accord de principe kritt. De Syndicat huet bei der Stad Lëtzebuerg duerch e Bréif reklaméiert fir d’Erhaale vum Wäinhäischen. Dëst hätt jo kënnen an de neie Projet integréiert ginn. Déi Responsabel vum Architecktebüro vun der Stad Lëtzebuerg hunn ons awer net vill Hoffnung gemaach, dass d’Haus erhale bleiwt. Dëst ass elo no der dëcker Bich an der Charlysgare dat drëtt schéint Stéck Dummeldeng wat hei verschwënnt. D’Promoteuren hu nëmmen dat grousst Geschäft mam Geld virun Aën. Mat e wéineg Imaginatioun hätt e gutt d’Wäinhäischen an de neie Projet kënnen integréieren an doran eiser Meenung no kënnen e klenge Restaurant maachen. E grousse Merci un de Cercle Philiatélique Dummeldeng, déi dëst Jor am September fir hiren 50. Anniversaire en Timber mam Wäinhäischen erausginn hunn. Hei huet d’Gemeng och keng Méiglechkeet z’intervenéieren.

Velostatiounen an onse Sektiounen.
Eng d’zweet Zäittafel fir d¨Busen op der Eecherplaz Arret Bus 1
2014 ass de Lift am Pafendall fäerdeg an da kommen an all Sektiounen Velostatiounen.
Well um Arret 1 zu Eech manner Busse fueren an d’Gemeng nëmmen e begrenzten Zuel vun Tafelen hat ass hei keng komm. An de neie Bushäisescher besteet eng Méiglechkeet sech duerch elektronesch Tafelen z’informéieren.

Ee Lifting fir onse Park Collart
De Lifting vum Park ass realiséiert ginn. Mir hunn ons agesat fir de Park méi bekannt ze maachen an dass nees Bornen an d’Entrée vum Park kommen, fir datt keng Privatautoën erafueren kënnen.

Anzeechnen vun engem Behënnerte-Parkplaz beim Centre zu Eech
Et gëtt nëmmen eng Behënnerte-Parkplaz agezeechent wann hei ëmmer behënnert Awunner musse parken.

Projet vun der Kichen fir de Centre Am Duerf zu Weimeschkirch
D’Pläng fir d’Kichen ginn realiséiert.

Café Am Duerf zu Weimeschkierch. Ass de Bistro verlount?
De Café am Duerf ass verlount, an am Abrëll soll d’Réouverture sinn.

Opmaachen vum Schoulhaff Weimeschkierch während der Sonndesmass.
No dem Problem vun den Ambulancen, déi net an den Haff erakoumen bei Verletzungen vu Kierchegänger sicht Gemeng no enger Léisung.

D’Aarbechten op der Plaz zu Eech virun der Scoutencentral
Hei ginn Aarbechte um Kanal gemaach an d’Plaz gëtt nei aménagéiert mat Parkplazen, wou e muss bezuelen. Mir hoffen dass dann och ons Aubette dohi kënnt.

Wat geschitt mam Fussballsterrain zu Weimeschkierch?
Mam Weimeschkiercherterrain passéiert momental näischt. Et sinn verschidden Sportsveräiner déi vum Terrain gebrauch wëlle maachen.

D’Jugend aus onse Sektiounen mat der Hëllef vun dem responsablen Streatworker wëllen de vandalistesche Grafitti op de Mauren an d’Tunnelen ewech maachen an duerch e neie schéine Grafitti ersetzen, realiséiert vun engem Künstler mat Motiver aus der aler Gemeng Eech.
Dofir brauchen si eng kleng finanziell Hëllef.
D’Madame Loschetter informéiert ons, dass si am Bild ass vun dësem Projet. Et ass och kee Problem eng finanziell Hëllef ze kréien.

Schluss vun der Entrevue géint 16.30 Auer.