Warning: Creating default object from empty value in /home/www/web940/web940u1/html/included/functions.php on line 292 SEDW.lu

Bericht vun der Generalversammlung

Deprecated: preg_replace(): The /e modifier is deprecated, use preg_replace_callback instead in /home/www/web940/web940u1/html/included/functions-formatting.php on line 76

De Comité vum Syndicat

Präsident: Pit Ludwig
Vize-Präsident: Sonja Wolsfeld, Raymond Schroeder
Sekretär: Pit Ludwig a Fränk Weiwers
Caissière: Odette Neumann

Member: Tilly Bausch, Françoise Koltz, Denise Heywang, Claudine Tockert, Laura Zuccoli,
Albert Dondelinger, Carlo Meyer, Nico Weydert, Fränk Weiwers a Louis Jung
Sekretariat
De Sekretariat gëtt vum President Pit Ludwig mat der Hëllef vum Fränk Weiwers gemaach bis den Albert Dondelinger erem méi Zäit huet.

Aktivitéiten:

De Comité huet am vergaangene Joer 8 Comitéssëtzungen ofgehalen, an huet schrëftlech beim Staat a Schäfferot intervenéiert, fir séng Doléancen virzeleën. Och telefonesch hate mir Kontakt mat sämtlechen Gemengeservicer fir si iwwert d’Problemer an d’Bild ze sëtzen.
De Comité huet séch mam Schäfferot getraff fir iwwert Doléancen a Projeën ze diskutéieren.
Mir ware vertrueden op de Generalversammlungen vun der Entente des Sociétés de l’Ancienne
Commune d’Eich, op der Neijoërsrezeptioun vun der Entente zu Beggen am Centre Culturel, eisen Noper­syndicater Kierchbierg, a Pafendall, der USILL, der «Porte ouverte vum Institut Emile Metz», a sämtlechen Delegatiounssëtzungen vun der USILL an der Sëtzung iwwert Biergerbedeeligung organiséiert am Pafendall vun der USILL. Mir waren an der Informatiounsversammlung vun der Stad Lëtzebuerg iwwert ons Quartiéën Eech, Dummeldeng a Weimeschkierch. Mir waren och present op verschidde Versammlungen vum Mouvement écologique.

Neie Streetworker
Am Ufank vun onser Comitéssëtzung am Februar huet de neie Streetworker Christophe Dublin sech virgestallt. Seng Handysnummer ass 621 64 25 33. Hien trefft sech dräimol an der Woch mat Jugendlechen an der Dummeldenger Gare. Zesummen mat Jugendlechen wëllen si dee vandalisteschen Graffiti duerch ee schéine Graffiti ersetzen. D’Stad Lëtzebuerg ënnerstëtz si dobäi. De President informéiert de Christophe Dublin, dass elo de bekannte Kënschtler Sumo an der rue Schetzel wunnt.

Betr.: Inventaire des places et espaces publiques dans notre quartier
De Services des Fêtes et Marchés de la Ville de Luxembourg huet ons an engem Bréif gefrot fir den «Inventaire der places et espaces publiques dans votre quartier» ze kréien.
De Präsident huet hinnen folgend Plaze matgedeelt:
Zu WEimeschkierch

D’Plaz virum Centre Am Duerf zu Weimeschkierch fir Bazar, Grillfest a Maart
(huet e klenge Problem well d’Plaz schief ass)
D’Parkplaz an der rue Lamormesnil beim Kierfecht a Porheem fir Bazar Grillfest a Maart..

ZU EECH

Am Lavalspark fir Kannerspillfester
Am Schoulhaff vun der aler Schoul fir Bazar, Grillfest, Maart
an all aner sportlech a kulturell Manifestatiounen

ZU DUMMELDENG

Virun dem neien Schoulkomplex a Sportshal fir Bazar, Grillfest, Maart
an all aner sportlech a kulturell Manifestatiounen
Am Park Collart fir Bazar, Grillfest, Maart
an all aner sportlech a kulturell Manifestatiounen
No der Renovatioun vum Drescherhaus (rue du Château) beim Weier fir Bazar, Grillfest a Maart
Am Rondpoint um Enn vun der Paul Henkesstrooss organiséieren d’Awunner all Joer d’Nopeschfest

Car-Sharing an onser Stad.
De President war de 17. September an eng Presentatioun iwwert d’Aféierung vum Car-Sharing an der Stad Lëtzebuerg. Mir kruten Informatiounen iwwert de Car-Sharing aus Däitschland. De Car-Sharing soll d’nächst Joer op Lëtzebuerg kommen. Déi genau Informatiounen an de Präis ginn ons spéider matgedeelt.

Bauen um Eecherfeld
An der Sendung vum Nol op de Kapp war eng Reportage iwwert Baugeneemigungen, déi um Eecherfeld net respektéiert goufen. De Bauprojet beim Bemmelchen, do hat dee neie Proprietär nëmmen eng Geneemigung fir d’Transformatioun vum Haus. Hei ass awer alles ewechgerappt ginn an duerch e neie gréisseren Projet ersat ginn.
Den Direkter vun der Zentralbank Yves Mersch hat d’Autorisatioun beim Här Helminger gefrot fir e neie Projet op séngem Terrain ze realiséieren, déi hien och kritt huet. Dëst ass awer net kompatibel mam Bebauungsplang vun der Stad Lëtzebuerg um Eecherfeld. No Reklamatiounen vun de Bierger, huet de neie Buergemeeschter den Här Bettel e Baustopp ordonnéiert.

Zwee Chantierën fir de neie Kanal vu Beggen
De 27. Juni hat de Servicve de la Canalisatioun vun der Stad Lëtzebuerg ons invitéiert op eng Informatiounsversammlung iwwert d’Aarbechten vum neie Kanal zu Beggen. Dréi Chantieren sinn op onsem Gebiet.
Bei der Bréck zu Eech um Terrain vun der Scoutenzentral sinn d’Aarbechten schons am gang an daueren bis 2014. Am September hunn d’Aarbechten am neie Raspert ugefang. Hei daueren d’Aarbechten och bis 2014. Am ale Raspert verschwannen fir eng bestëmmten Zäit Parkplazen bei den Trapen fir op Dummeldenger Gare ze goën. Am neie Raspert ass d’Strooss fir d’Autoen zou wärend zwee Joer. D’Awunner hunn awer d’Méiglechkeet fir bei hir Haiser ze kommen. Fir d’Foussgänger an d’Velosfuerer bleiwt d’Strooss op.

Grousse Chantier weinst Aarbechten an der rue de Kirchberg
a Fond St. Martin
Donneschdes, de 7. Mäerz hat d’Stad Lëtzebuerg d’Awunner an de Centre am Duerf invitéieret fir si iwwert d’Aarbechten am Fond St. Martin a rue de Kirchberg z’informéieren.
Et sollt am Mäerz mat den Aarbechten ugefang ginn awer duerch déi schlecht Wiederkonditiounen gëtt am Abrëll 2013 ugefang. D’Aarbechten daueren 17 Méint an de Verkéier gëtt mat Luuchte gereegelt. Hei erwaarde mir e grousse Chaos.

Grotte vum Pilatusbierg
D’Skulpturen an d’Biller vun de Statiounen aus der Grotte vum Pilatusbierg sinn net méi do. Den Dechen huet ons informéiert, dass dee neie Besëtzer vun der Grotte him alles offréiert huet. Beim Dechen sengem Haus an der rue Lamormesnil huet e fréieren Architekt vun der Stad Lëtzebuerg, den Här Fernand Thielen him e Plang gemaach vun enger neier Grotte, déi elo fäerdeg ass. D’Muttergottes aus der Grotte ass hei integréiert gin an den Herrgott mam Kräiz kënnt an d’Weimeschkiercher Kierch an d’Statiounen an d’Beggener Kierch. De Syndicat hat sech agesat fir dass d’Grotte am Pilatusbierg soll bleiwen awer ouni Succès.

Bauboom an der rue François Van der Meulen
D’Awunner aus dem Parc de l’Europe zu Dummeldeng sinn net frou iwwert déi vill Residenzen, déi an de rue Van der Meulen realiséiert ginn. No der fäerdeger Luxusresidenz ass déi zweet Residenz Landmark derbäi gebaut ze ginn. Spéider sollen nach zwou weider Residenzen dohinner kommen. Eng wou elo dat schéint Wäinhaisgen steet an dann nach eng wou d’Villa vum verstuewenen Här Kasel steet. Den Awunner hir Suergen sinn, dass domat hir Liewensqualitéit erofgeet mat dem zousätzleche Verkéier. Mir mussen och de Verkéiersproblem am Aa halen, wann de Projet Greenhill fäerdeg a bewunnt ass.

Velospiste vun Dummeldéng iwwert den Tracé vum Charly op de Kierchbierg a Niederanven
An engem Telefonsgespréich mam neie Responsablen bei der Ponts et Chaussées fir d’Velospisten den Här Eramo, ass ons matgedeelt ginn, dass a kuurzer Zäit d’Aarbechte géingen ausgeschriwwen ginn, an am Hierscht mat der Realisatioun vun der Vélospiste ugefang kënnt ginn. Enovos profitéiert vun dem Chantier fir nei Leitungen op de Kierchbierg ze leeën.

Rendez-vous mam Buergermeeschter an der Märei
e Freideg, de 26. Februar ëm 11.00 Auer

Uwiesend war den Här Buergermeeschter Xavier Bettel begleed vun de Schäffen Lydie Polfer, Viviane Loschetter a François Bausch engem Sekretär a sämtleche Chefs de Services vun der Stad Lëtzebuerg.
Vum Syndicat: d’Dammen Odette Neumann, Sonja Wolsfeld an Tilly Bausch. D’Hären Pit Ludwig, an Carlo Meyer.

Diskussionspunkten.

D’Restauratioun vun der fréierer Schräinerei Drescher
Den Avantprojet ass am Mäerz duerch de Schäfferot gang. Dëse Projet krut de Präsident vum Architekt dem Här Luc Ramponi de 9. Oktober gewisen. De President hat näischt um Projet auszesetzen. Elo gëtt den definitiven Projet ausgeschafft fir am Hierscht gestëmmt ze ginn. Da kënnt am Fréijor 2014 mat den Aarbechten ugefang ginn.
De Schäfferot huet den Architekten proposéiert fir am Haus niewend der Schräinerei Drescher e Centre pour Jeunes z’integréieren, wëll zu Dummeldeng keen Haus fir d’Jugend existéiert.

Méi Offallkontäiner fir Pabeier a Glas zu Dummeldeng
De Responsablen vum Hygienendéngscht vun der Stad Lëtzebuerg huet ons Plange vun Eech, Dummeldeng a Weimeschkierch matginn fir nach zousätzlech Plazen fir Container ze proposéieren.
Tél.: 4796 3613. D’Container bei der Chinesescher Ambassade ginn och gereckelt fir dass d’Awunner net méi am Dreck stinn wann si eppes dra geheien.

Eng holze Bänk um Kuebebierg. Déi al Bänk ass verschwonnen
Et gëtt eng nei Bänk um Kuebebierg installéiert.

Verbreederung vun der Rue Munchen-Tesch a neien Aménagement vun der Plaz niewt
dem Centre am Duerf
Déi sozial Wunnengen ginn net do realiséiert, well net genuch Parkplazen beim Centre am Duerf sinn.De Buergermeeschter huet déi Reponsablen fir d’Plaz gefrot, fir e Projet vum Reamenagement vun der Plaz ze realiséieren, an doduerch dem Knaschteck en Enn ze maachen.

Bréif vun der Mme Vileyn Patricia iwwert déi vill nei Residenzen an der rue Van der Meulen
De Buergermeeschter huet ons d’Maquette gewisen vun deene verschiddenen Residenzen, déi hei solle gebaut ginn. De Buergermeeschter huet och Problemer mat de Pläng vu verschidden Residenzen an huet de Promoteuren nei Propositioune gemaach. All Awunner, déi eng Reklamatioun gemaach hunn ginn a kuurzer Zäit an de Schäfferot invitéiert, a kréien Maquetten gewisen.

Geféierleche Wee fir d’Foussgänger an der Montée Pilate.
Oft ginn d’Awunner behënnert duerch Autoën
Hei gëtt gewaart bis sämtlech Aarbechten do fäerdg sinn fir no enger besserer Léisung ze sichen.
D’Parkplazen sinn elo agezeechent ginn wat dem wëlle Parken en Enn mecht. Et gëtt och öfters vun der Zone Bleu kontrolléiert.

Kleng Griewer fir d’Urnen um Kierfecht zu Weimeschkierch
De Schäfferot hëllt sech dem Problem un a kuckt op et kéng Méiglechkeet gëtt fir eng Mauer ze bauen wou een kënnt d’Urnen integréieren. Vill Awunner aus onse Sektiounen wäre frou wann d’Urnen vun hiren Verstuerwenen um Weimeschkiercherkierfecht wären.

Piscine a Sportshal beim neie Schoulkomplex zu Dummeldeng
Fir eng nei Piscine ze bauen gëtt momentan ze deier an am Sportsbudget ass och dofir kee Geld méi do. D’Sportshal gëtt nei gemaach, e genauen Termin steet awer nach net fest.

Anzeechne vun de Parkplazen an der rue des Hauts-Fourneaux
Dës Aarbechten ginn realiséiert soubal d’Wieder dëst erlabt

Häiser zu Dummeldeng
Gemengenhaus an der rue de la Scierie séit länger Zäit restauréiert awer nach net bewunnt
Hei si Problemer vu Fiechtegkeet opgetratt. Déi ginn awer elo behuewen a da kann d’Haus bewunnt ginn.

Gemengenhaus an der Montée de Dommeldange soll ofgerappt ginn
Mat den Aarbechten vum Ofrappen ass ugefang ginn, an domat huet de Problem vum vandalisteschen Hausen en Enn.

Privathaus an der Iechternacherstrooss - 12 Méint Baustopp
De Promoteur huet hei ouni Autorisatioun renovéiert an e Stack ze héich gebaut. Hie muss den Dach nei a méi nidreg maachen.

Privathaus an der rue des Hauts-Fourneaux Schandfleck a Knaschteck
Hei hunn d’Servicer vun der Stad Lëtzebuerg schon öfters reklaméiert ouni Erfolleg. Si wäerten dëst och nach an der Zukunft widerhuelen. Dëst Haus ass bei den Trapen fir op d’Iechternacherstrooss.

Gefor fir d’Awunner, déi op de Bus waarden um Ufank vun der rue des Sources.
Hei feelt eng Mauer oder e Glänner
De Buergermeeschter huet beim Promoteur reklaméiert, deen him versprach huet a kuurzer Zäit eppes z’ënnerhuelen.

Schlecht Sicht fir d’Autofuerer, déi vun der rue du Soleil an d’rue de Kirchberg ofbéien
Mir hate probéiert fir e Spigel do installéiert ze kréien. D’Ponts et Chaussées ass géint d’Installatioun vu Spigelen. Eng richteg Léisung ass op dëser Plaz net einfach.

Busarrêt fir d’Linn 25 bei der Chinesescher Ambassade
Fir e Busarret hei ze maachen ass kee Problem. Et ass awer net einfach fir d’Zäite vum Bus 5 an Bus 25 mateneen ofzestëmmen. D’Linn 5 fiert all 20 Minuten an d’Linn 25 all 30 Minuten. Den Här Laurent Hansen vum Busdéngscht probéiert fir eng Léisung ze fannen.

Problemer an der rue Schetzel
Déi eler Awunner aus der Schetzel hu Problemer mam Rufbus. De Rufbus ass iwwerlascht a kann ni zu der gewënschten Zäit kommen. Hei kann och kee Jokerbus kommen well d’Strooss vill ze vill schmuel ass.

Bréif vun der Madame Martina Lopes da Costa-Atanasov iwwert Problemer an der rue des Sources an nei Iechternacherstrooss
De Schäfferot mecht eng demande un d’Ponts et Chaussees fir d’Vitesse vu 70 op 50 op der neier Iechternacherstrooss ze reduzéieren. D’Madame Martina Lopes da Costa-Atanasov kritt eng Kopie vun der Demande. Den Här Buergermeeschter huet ons matgedeelt, dass nei Europäiesch Bestëmmunge kommen, wou net nëmmen de Kaméidi vum Flugverkéier gemooss gëtt mee och de Kaméidi vun den Autoën

Informatioun iwwert Biergerbedeeligung.
Dëst ass nach net fir all Quartieeën. Et soll mam Budget ugefang ginn. Spéider soll d’Biergerbedeeligung op all Quartieën ausgedeent ginn. Biergerbedeeligung soll keng Konkurrenz fir d’Syndikater sinn. De Buergermeeschter vermësst an de Comitéën vun de Syndikater jonk an auslännesch Awunner. Mir hunn him matgedeelt, dass et net einfach ass jonk an auslännesch Bierger ze begeeschteren fir am Syndikat matzeschaffen. Mir hunn ons Invitatiounen op franzéisch, däitsch a portugisescher Sporooch gemaach ouni groussen Erfolleg vun hirer Presenz. Bei ons ass jiddereen wëllkomm fir am Comité vum Syndicat matzeschaffen.