Warning: Creating default object from empty value in /home/www/web940/web940u1/html/included/functions.php on line 292 SEDW.lu

Nouvellen

Deprecated: preg_replace(): The /e modifier is deprecated, use preg_replace_callback instead in /home/www/web940/web940u1/html/included/functions-formatting.php on line 76

Zwou gutt Nouvellen

Renovatioun vum Drescherhaus
Den Här Ramponi Architekt vun der Stad Lëtzebuerg huet de Präsident den 18. November an d’Gemeng invitéiert fir iwwert déi fäerdeg Pläng vun der Renovatioun vum Drescherhaus ze kucken. Den Här Ramponi géing och gär an d’Bild gesat ginn, wat déi Veräiner nach brächten fir an hir Säll (Descher, Schief a Still). Déi Veräiner, déi a Fro kommen sinn d’Chorale St. Cécile vun Dummeldéng, de Vélosport Dummeldeng, den Dëschtennis Dummeldeng an de Syndicat. De Präsident war begleedt vum Vizepräsident Raymond Schroeder an onsem Frënd a Mann vun onser Vizepräsidentin Sonja Wolsfeld. De Mischi Wolsfeld ass och Member vun der Bautekommissioun an der Stad Lëtzebuerg. Mir hu sämtlech Pläng kontrolléiert, déi zu onser grousser Zefriddenheet realiséiert gouwen.. Ausser engem grousse Sall vun ongeféier 140 Leit kënnt eng kleng Kichen e Lift an d’Toiletten an d’Gebäi. Fir d’Veräiner wou eng speziell Entrée realiséiert gëtt kënnt e Proufsall fir ongeféier 30-40 Leit. drei Versammlungsäll a véier kleng Buroën mat Schief en Dësch mat epuer Still, Toiletten an eng kleng Kitchinette. Dee ganze Projet kascht ongeféier 4 Milliounen. Mir hoffen, dass de Projet nach Enn vun dësem Joer oder Ufangs dat nächst Joër de Schäfferot passéiert.
Nach dëst Joer gëtt den Dach vun der Schräinerei aus Secherheetsgrënn ofgerappt an da kann och erëm de Wee vun der rue du Château an d’rue de la Scierie benotzt ginn. Am Dezember ass den Dag ofgerappt ginn. Mir hoffen, dass déi definitiv Pläng de Schäfferot elo sou séier wéi méiglech passéieren.

Velospiste um Tracé vum Charly
De President huet sech beim Här Emso informéiert iwwert d’Realisatioun vun der Velospiste vun Dummeldeng op d’Velospiste Lëtzebuerg-Iechternach. D’Aarbechte sollen Mëtt Oktober ufänken an méi ewéi 200 Deeg daueren. Mat der Velospiste leed Enovos och nei Leitungen op de Kierchbierg.
Am November ass mat den Aarbechten ugefang ginn a mir hoffen, dass mir am Summer 2014 kënnen déi nei Velospiste aweien.

Eng schecht Nouvelle

D’Wäinhäischen ass fort
E Méindeg, de 9. Dezember hunn se mam Ofrappen vum Wäinhäischen ugefang, an zwee Deeg drop war et dem Duedem gläichgemaach. Mir haten nach op e klengt Wonner gehofft, dass eng Méiglechkeet géing bestoën, fir et an de neie Projet z’integréieren. Elo ass no der Charlysgare, der decker Bich dat drëtt Stéck Dummeldeng verschwonnen. Schued dass no der Interventioun vum Buergermeeschter beim Site et Monuments, déi et net néideg fonnt hunn d’Wäinhäischen ze klasséieren.