Warning: Creating default object from empty value in /home/www/web940/web940u1/html/included/functions.php on line 292 SEDW.lu

Rendez-vous mat der Madame Buergemeeschter e Freides, den 28. Februar 2014

Deprecated: preg_replace(): The /e modifier is deprecated, use preg_replace_callback instead in /home/www/web940/web940u1/html/included/functions-formatting.php on line 76

Ons Haaptdiskusionspunkten
Merci, dass de Projet vun der fréierer Schräinerei Drescher de 27. Januar gestëmmt ginn ass.
Wéi geet et elo weider?

Verbreederung vun der Rue Munchen-Tesch a neien Aménagement vun der Plaz niewt dem
Centre am Duerf

Piscine a Sportshal beim neie Schoulkomplex zu Dummeldeng.
D’Renovatioun vun der Sportshal ass elo op Ärem Programm

Kleng Griewer fir d’Urnen um Kierfecht zu Weimeschkierch. D’lescht Joer hat den
Här Bettel sech dësem Problem ugeholl.

Geféierleche Wee fir d’Foussgänger an der Montée Pilate.
An dësem Bierg missten Trape gemaach ginn.

Privathaus an der rue des Hauts-Fourneaux. Schandfleck a Knaschteck fir ganz Dummeldeng

D’Strooss am ale Fond St. Martin misst e neie Belag kréien an de Pavé misst ausgebessert ginn.

Verschidde Caféën zu Dummeldeng benotzen den Trottoir als Recyclingcenter
mat eidele Fläschen a Knascht

An der Tommys Bruch ënnert der Bréck ass en Treff vu Jugendlecher.
Hei feelt eng Poubelle an d’Trapen leien ëmmer voll Dréck

Um klenge Parking op der Place Dargent wäre mir frou 2 Plazen mat 30M.-Parkzäit ze kréien
fir an d’Apdikt ze goën.

Trapen beim Centre am Duerf a fir an d’Kierch vu Weimeschkierch ze goën sinn an engem
geféierlechen Zoustand

D’Weieren am Parc Collart missten onbedengt entsand ginn.
Dës Aarbechte ware schons op Ärem Programm

Bedéngt duerch de Schläichwee duerch d’Krommlengten, de Bauprojet Green Hill
an deene villen neie Residenzen huet de Verkéier zu Dummeldeng enorm zougeholl.
Hei musse mir no enger Léisung sichen.

Et ass net méi méiglech duerch d’rue Schetzel ze fueren, bedéngt duerch Aarbechten
vu neie Residenzen. Oft ass och déi selwecht Zäit d’rue des Sources gespaart.
Et kann och da kee Bus fueren.

Fir ons Awunner hätte mir gär en Arrêt vum Bus 25 bei der Chinesecher Ambassade,
fir dass e kann vun der Linn 5 ëmsteigen.