Warning: Creating default object from empty value in /home/www/web940/web940u1/html/included/functions.php on line 292 SEDW.lu

Bericht Generalversammlung 2015

Deprecated: preg_replace(): The /e modifier is deprecated, use preg_replace_callback instead in /home/www/web940/web940u1/html/included/functions-formatting.php on line 76

De Comité vum Syndicat

Präsident: Pit Ludwig
Vize-Präsident: Sonja Wolsfeld, Raymond Schroeder
Sekretär: Pit Ludwig a Fränk Weiwers
Caissière: Odette Neumann

Member: Tilly Bausch, Françoise Koltz, Denise Heywang, Yvonne Muller, Claudine Tockert,
Marc Piron, Albert Dondelinger, Carlo Meyer, Nico Weydert, Fränk Weiwers

De Sekretariat gëtt vum President Pit Ludwig mat der Hëllef vum Fränk Weiwers gemaach bis den Albert Dondelinger erëm méi Zäit huet.

Démissioun vum Laura Zuccoli
An enger Mail vum17. Mäerz huet d’Laura Zuccoli, aus Zäitmangel seng Démissioun als Comités-Member vum Syndikat ginn. D’Laura ass awer ëmmer bereet ons eng Hand unzepacken wa mir hat brauchen. Mir soën dem Laura villmools Merci fir säin Asaz am Comité vum Syndikat a maachen och an der Zukunft gären Gebrauch vun sénger Mathëllef.

Aktivitéiten:

De Comité huet am vergaangene Joer 8 Comitéssëtzungen ofgehalen, an huet schrëftlech beim Staat a Schäfferot intervenéiert, fir séng Doléancen virzeleeën. Och telefonesch hate mir Kontakt mat sämtlechen Gemengeservicer fir si iwwert d’Problemer an d’Bild ze setzen.
De Comité huet séch mam Schäfferot getraff fir iwwert Doléancen a Projeën ze diskutéieren.
Mir ware vertrueden op de Generalversammlung vun der Entente des Sociétés de l’Ancienne
Commune d’Eich, op der Neijoërsrezeptioun vun der Entente am Centre Culturel zu Beggen, op d’Generalversammlungen vun onsem Noper­syndikat Pafendall, der USILL, a sämtlechen Delegatiounssëtzungen vun der USILL an op der «Porte ouverte vum Institut Emile Metz».

Realiséiert Doléancen
Trapen beim Centre am Duerf zu Weimeschkierch
Zwou Parkplazen mat Limitatioun vun 30 Minuten zu Eech virun der Apdikt
Neien Aménagement vum ale Fond St. Martin mat Trottoir op all Säit
Griewer fir Urnen um Kierfecht zu Weimeschkierch
D’Vélospiste vun Dummeldeng op de Kierchbierg
Ufank vun den Aarbechten mat der Renovatioun vum Drescherhaus

Highlights 2015

E neit Buch mat DVD ass esou gutt wéi fäerdeg
E neit Buch + DVD «Mir dibbere Jéinesch» vum Änder Bausch mat der Ënnerstëtzung vum Syndikat ass an der Aarbecht. Am Buch vun 92 Säiten fënnt ee Gedichter an Texter a jéinescher Sprooch vum Änder Bausch, en echte Weimeschkiercher, deen nach d’Jéinesch Sprooch beherrscht. D’Stad Lëtzebuerg huet ons finanziell ënnerstëtzt. Den DVD gouf realiséiert vum Roger Medernach. Esoubal, wéi d’Buch an de Verkaf kënnt, fann Dir sämtlech Informatiounen op dem Internetsite vum Syndikat: www.sedw.lu. De Präis vum Buch mam DVD ass 20 Euro.

Ufank vun den Aarbechten
Mat der Renovatioun vum Kamäin hunn d’Aarbechten vum Drescherhaus zu Dummeldeng ugefang a sollen 2017 ofgeschloss sinn. Dëst gëtt e klenge Bijou, wou d’Awunner vun Dummeldeng, d’Veräiner an och d’Stad Lëtzebuerg kënne profitéieren fir kulturell Manifestatiounen z’organiséieren. E grousse Merci un de Schäfferot, Gemengerot an den Architektebüro vun der Stad Lëtzebuerg, déi dës Renovatioun méiglech gemaach hunn.

Alles op de Vélo
No iwwer 20 Joer ass e laange Wonsch vum Syndikat realiséiert ginn. Eng Vëlospiste um Tracé vum Charly, déi d’Vëlospiste aus dem Uelzechtdall mat der Piste Lëtzebuerg-Iechternach verbënnt. Hei huet een elo d’Méiglechkeet vun Dummeldeng mam Vëlo op de Kierchbierg an Hueschtert ze kommen, oder a Richtung d’Stad Lëtzebuerg oder Iechternach ze fueren. D’Aarbechte vun der Piste, déi duerch de Bësch féiert sinn ofgeschloss an d’Piste gëtt spéider vum Ministère des Transports ageweit. De genauen Datum a Programm gëtt an der Presse an op onsem Internetsite
www.sedw.lu matgedeelt.

Zweet Jéinesch-Soirée
No der grousse Nofro vun onsen Awunner fir eng zweet Jéinersoirée, hu mir beschloss dës Soirée Freides, den 22. Mee zu Weimeschkierch am Centre Am Duerf z’organiséieren. Hei stelle mir och offiziell dem Änder Bausch säi neit Buch iwwert d’Jéinesch Sprooch vir. Iwwer de genaue Programm vun dëser Soirée gi Dir spéider informéiert.

Propositiounen zum neien PAG
En Dënschdeg, den 1. Abrëll 2014 ass de Schäfferot op Beggen komm fir iwwert de neie PAG ze diskutéieren. Et sinn 4 Aarbechtsgruppen gebild ginn. Eng fir Eech, eng fir Weimeschkierch, eng fir Dummeldeng an eng fir Beggen. Op der Virstellung vum PAG war de Syndicat gutt vertrueden. De Fränk Weiwers an d’Martine Bosch hu Verbesserungen fir Weimeschkierch proposéiert. De Mischi Wolsfeld huet sech dem Quartier vun Eech ugeholl an op Problemer higewisen. De Pit Ludwig an den Architekt Fassbinder hunn Dummeldeng ënnert d’Lupp geholl a Propositiounen gemaach, wéi et hei an d’Zukunft soll ausgesinn. Hei hu mir schons e klengen Erfolleg ze vermelden. Nom neie Plang soll den Zentrum vun Dummeldeng geschützt ginn andems keng Residenzen do kënnen realiséiert ginn. Hei ass nach eng Plaz an der Stad, déi nach en Duerfkarakter huet.
Mir verstinn net, dass déi Responsabel vum PAG d’Dummeldenger Schmelz mam sengem Terrain an d’Sektioun Eech huelen. Fir de Syndikat ass et nach ëmmer d’Dummeldenger Schmelz mam Institut Emile Metz an déi fréier d’Dummeldenger Post (elo Dummeldenger Haus). De Fränk Weiwers intervenéiert bei der responsabler Persoun.

Rendez-vous mat dem Architekt Laurent Schwaller
De Präsident begleet vum Michel Wolsfeld hunn sech mam Här Laurent Schwaller architecte des Espaces publique, der Madame Sonja Fandel Service des Parcs an dem Här Claude Walisch Service de la Voirie op der Plaz niewend dem Centre am Duerf getraff fir iwwert Zukunft vun deser Plaz ze beroden. De Syndicat proposéiert hei zousätzlech Parkplazen z’aménagéieren dofir ginn d’Poubellen geréckelt an d’Plaz geraumt.

Maison des Associations
De President huet sech Donneschdes, de 27. November mam Guy Reger vun der Maison des Associations an der Millebaach getraff fir séch iwwert hir Aktivitéiten z’informéieren. D’Maison des Associations bekëmmert sech ëm d’Kultur an d’Integratioun vun auslännesch Matbierger. Si ass och responsabel fir d’Internetstuff zu Eech. D’Associatioun huet och de Wonsch fir Member beim Syndikat ze ginn.

Parkplaz virun der Dummeldenger-Gare
De Schapp virun der Gare zu Dummeldeng ass ofgerappt ginn. Hei sinn op der Fläch vun 2.500 m2 weider 50 Parkplazen entstan. D’Plaz gëtt net makadamiséiert, mee mat dënnem Stëpps bedeckt. D’Parkplazen sinn um Enn vun 2014 fäerdeg ginn.
Ännerungen vum Busdéngscht
Méindes, de 16. Mäerz hat de Schäfferot an den Transportminister d’Awunner an de Neien Theater invitéiert fir iwwert grouss Ännerungen vun de Buslinnen z’informéieren. Vum Syndikat war de President Pit Ludwig an d’Odette Neumann present. De 6. Mee ëm 19.00 Auer ass eng grouss Réunioun am Tramsschapp fir d’Awunner vun Eech, Dummeldeng, Weimeschkierch, Lampertsbierg, Millebach a Beggen. D’Awunner kréien och Informatiounen an d’Haus gescheckt.

Neie Propriétär fir de Café Am Duerf.
D’Stad Lëtzebuerg sicht e neie Wirt fir an de Café. Demanden mussen bis den 17. Abrëll eragescheckt ginn. Et ass Schued das d’Emanuela huet misse ophalen wéinst Mangel u Clienën. Mir hoffen, dass an d’Zukunft erëm méi Liewen an de Café an op Weimeschkierch kënnt.

De Syndicat ass um Facebock
Op Wonsch vum Comité vum Syndikat huet de Marc Piron, deen am Comité matschafft sech ugebueden dem Syndikat eng Säit op Facebock ze maachen. Mir hoffen domat déi jonk Awunner z’informéieren a fir d’Aal Gemeng Eech ze begeeschteren. De Site fënnt een op Syndicat d’Initiative Eich, Dommeldange, Weimerskirch oder SEDW

Rendez-vous mam Här Minister Bausch
Mëttwochs, den 11. März ëm 08.30 am Ministär

Den Här Bausch war begleed vun dräi Persounen, (Ponts et Chaussées, Transportministerium an CFL).
Vum Syndikat ware present d’Odette Neumann, Tilly Bausch, Raymond Schroeder a Pit Ludwig

Aweiung vun der Vëlospiste iwwert den Tracé vum «Charly» duerch de Gréngewald vun
Dummeldeng op de Kierchbierg, mat Ubannung un d’Vëlospiste vum Sennengerbierg.
Dëst war eng Doléance vun méi wéi 20 Joer.

De Ministère bekëmmert séch ëm d’Aweiung
Et ass och geplangt eng Vélospite um Site vun der Arbed Dummeldeng niewend der rue des Hauts-Fourneaux ze realiséieren.

De Problem vun der schmueler Strooss Munchen-Tesch zu Weimeschkierch.
Hei ass den Trottoir net breed genuch fir mat enger Kannerkutsch ze passéieren

De Ministär huet Rendez-vous mat der Gemeng Lëtzebuerg a sichen zesummen no enger Léisung

De Problem vum Stroossekaméidi op der neier Iechternacher Strooss
an de Méiglechkeeten fir deem entgéint ze trieden.

No der Fäerdegstellung vun der Nordstrooss ginn nei Zielungen gemaach an et gëtt no de Rillen op der Bréck gekuckt

Mat den Aarbechten ronderëm déi al Fonderie zu Eech, aktualiséieren mir gären eis Propose vun der Erweiderung vun der Uelzechtbréck vun 2 op 3 Spueren mat enger Piste Richtung Iechternach.

Hei gëtt och gewaart wéi de Verkéier séch um Kierchbierg entweckelt no der Fäerdegstellung vun der Nordstrooss

D’Parkplaz bei der Dummeldenger-Gare ass ëm 50 Autoen vergréissert ginn.
Hei feelt eng Toilette an eng Méiglechkeet säi Vëlo unzestrécken.

De Minister huet ons versprach, dass hei Boxen fir d’Véloën kommen. Hien ass och net géint eng Toilette wëll d’Gare zu Dummeldeng no dem Arret Rout Bréck méi wichteg gëtt

Geféierleche Foussgängersträifen 100 Meter ënnert dem Péiter Onrou wou d’Trapen
aus der rue du Glacis op den Eecherbierg sinn.

Hei ass d’Léisung fir Verkéiersluuchten z’installéieren.

Signalisatioun fir d’Leit, déi mat hirem Auto vum Hotel Double Tree zu Dummeldeng kommen, an op der Iechternacherstrooss a Richtung Autobunnen vum Echangeur Waldhaf wëlle fueren.

Dëse Wonsch kréie mir och erfellt

De Minister hëllt och Kontakt mam Fond de Kierchberg op, fir dass kéng Pestiside méi um Kuebebierg solle gestreet ginn.

Zum Schluß vun der Sëtzung huet den Här Bausch ons informéiert, dass den 13. September 2015 en eemoligen Tunnellaf op der Nordstrooss organiséiert gëtt

Rendez-vous mat der Buergermeeschterin an der Märei

Mir haten e Rendez-vous mat der Madame Lydie Polfer, Buergermeeschterin a Schäfferot fir de 23.Mäerz am Stadhaus kritt. Leider huet dee Rendez-vous aus Zäitgrënn missen op de 27 Abrëll verluecht ginn. Mir kënnen Iech dofir den Owend nët iwwert d’Reunioun berichten. Nom 1. Mee kënn Dir Iech iwwert de Rendez-vous um Internetsite www.sedw.lu informéieren.

Ons Haaptdiskussionspunkten

Merci, dass Dir verschidde Stroossen am neie PAG geschützt hutt, besonnesch den Duerfkär vun Dummeldeng. Mir wëllen och, dass d’Dummeldenger Schmelz erëm zur Sektioun Dummeldeng
gehéiert

Verbreederung vun der Rue Munchen-Tesch a neien Aménagement vun der Plaz niewt dem Centre am Duerf

D’Strooss am ale Fond St. Martin muss aménagéiert ginn, an de Pavé muss ausgebessert ginn.

Bei der Chinesescher Ambassade kënnt een duerch Uplanze vun Hecken d’Container verstoppen.

Privathaus an der rue des Hauts-Fourneaux. Schandfleck a Knaschteck fir ganz Dummeldeng.

D’Plaz um Enn vun der rue Lamormesnil, soll déi als Parkplaz benotzt ginn, da misst een awer Hiweisschëlder opgestellen.

Wann d’Aarbechten am Green Hill ofgeschloss sinn, hunn d’Awunner de Wonsch, dass Linn 19 duerch hir Strooss fiert.

Et sinn ëmmer méi Autofuerer, déi d’Betonsbleck op der Plaz virun der Dummeldenger Kierch reckelen an da mam Auto niewent de Bur parke ginn.

Bedéngt duerch de Schläichwee duerch d’Krommlengten, de Bauprojet Green Hill an deene villen neie Residenzen huet de Verkéier zu Dummeldeng enorm zougeholl, wéi och an der Kierchbiergerstrooss zu Weimeschkierch. Hei musse mir no enger Léisung sichen.

Och d’Weieren, déi am Parc Collart sinn nët vergiessen.

Wat geschitt mat der Piscine beim Schoulkomplex zu Dummeldeng? Wéini ass d’Renovatioun vun der Sportshal op Ärem Programm?

Wann Dir nach Froën un de Schäfferot huet, kënnt Dir ons déi matdeelen a mir huelen se mat an d’Réunioun.