Warning: Creating default object from empty value in /home/www/web940/web940u1/html/included/functions.php on line 292 SEDW.lu

Bericht d’Generalversammlung 2016

Deprecated: preg_replace(): The /e modifier is deprecated, use preg_replace_callback instead in /home/www/web940/web940u1/html/included/functions-formatting.php on line 76

De Comité vum Syndicat

Präsident: Pit Ludwig
Vize-Präsident: Sonja Wolsfeld, Raymond Schroeder
Sekretär: Pit Ludwig a Fränk Weiwers
Caissière: Odette Neumann

Member: Tilly Bausch, Françoise Koltz, Denise Heywang, Yvonne Muller, Claudine Tockert,
Anne Tescher, Katy Cardoso Marques, Margot Reding-Schroeder (Keesrevisorin)
Albert Dondelinger, Carlo Meyer, Nico Weydert, Fränk Weiwers

Kulturelle Mataarbechter Roger Medernach (Jéineschsprooch / Film a Fotos)

Démissioun vum Marc Piron a Pitt Bach
Bedengt duerch aner Aktivitéiten an der ASTI hunn de Marc Piron an de Pitt Bach hir Démissioun am Comité vum Syndikat agerecht. Mir soen hinne Merci, fir all déi gutt Aarbecht déi si am Syndicat geleescht hunn.

Nei Comitésmembren
An d’Plaz vum Marc Piron ass d’Katy Cardoso Marques als Vertrieder vun der ASTI an de Comité vum Syndicat komm. D’Anne Tescher aus dem Fond St. Martin huet sech och an de Comité vum Syndicat gemellt. Mir si frou, datt si dese Schrëtt gemaach hunn an hoffen op eng gutt Zesummenaarbecht am Déngscht vun allen Awunner.

Aktivitéiten:

De Comité huet am vergaangene Joer 9 Comitéssëtzungen ofgehalen, an huet schrëftlech beim Staat a Schäfferot intervenéiert, fir séng Doléancen virzeleeën. Och telefonesch hate mir Kontakt mat sämtlechen Gemengeservicer fir si iwwert d’Problemer an d’Bild ze setzen.
De Comité huet séch mam Schäfferot getraff fir iwwert Doléancen a Projeën ze diskutéieren.
Mir ware vertrueden op de Generalversammlung vun der Entente des Sociétés de l’Ancienne
Commune d’Eich, op der Neijoërsrezeptioun vun der Entente am Centre Culturel zu Beggen, op de Generalversammlungen vun onsen Nopeschsyndikaten Pafendall a Kierchbierg, der USILL, a sämtlechen Delegatiounssëtzungen vun der USILL an op der «Porte ouverte vum Institut Emile Metz».

Grousse Succès vum neie Buch iwwert d’Jéinesch Sprooch
Dat neit Buch + DVD «Mir dibbere Jéinesch» vum Änder Bausch mat der Ënnerstëtzung vum Syndicat huet e groussen Succès. Déi éischt Editioun war gläich ausverkaft an et si nach zwou weider Editiounen gedréckt ginn. Am Buch vun 92 Säiten fënnt ee Gedichter an Texter a jéinescher Sprooch vum Änder Bausch, en echte Weimeschkiercher, deen nach d’Jéinesch Sprooch beherrscht. Den DVD gouf realiséiert vum Roger Medernach. Den Änder Bausch war mam President zweemol bei RTL fir d’Buch virzestellen. Emol beim Radio an emol op der Televisioun. D’Bicher waren och am Verkaf a verschidde Bicherbutteker. Et kann een nach Bicher bestellen beim Tilly Bausch am Fond St. Martin Telefon 43 31 33.

D’Aarbechten vum Drecherhaus gi gutt virun
Mat der Renovatioun vum Drescherhaus zu Dummeldeng geet et gutt virun. No dem Ofrappen vum Gebäi niewend dem Deel mam Kamäin ass den Entrepreneur am gang dat neit Gebäi opzebauen. Mir hoffen, dass d’Aarbechten Enn 2017 ofgeschloss sinn. Den Architekt Luc Ramponi war mam President vum Syndikat op Weimeschkierch an de Centre komm fir d’Pläng dem President vun der Entente, an deenen zwee Presidenten vun den Dummeldenger Gesankveräiner d’Pläng firzestellen. Si all ware begeeschtert vun de Pläng.

Alles op de Vélo vun der Piste iwwert den Traçe vum Charly
D’Aarbechte vun der Piste, déi duerch de Bësch féiert sinn ofgeschloss an d’Piste gëtt spéider vum Ministère des Transports an ons ageweiht. Mir mussen ofwaarden bis d’Aarbechten vum neien Tramsschapp ofgeschloss sinn. De genauen Datum a Programm gëtt an der Presse an op onsem Internetsite www.sedw.lu matgedeelt.

Zweet Jéinesch-Soirée den 22. Mee 2015 zu Weimeschkierch
De Succès vun onser Jéineschersoirée war enorm an d’Plaze waren all direkt besaat. Mir waren guer net frou, dass verschidden Awunner sech Plazen reservéiert haten awer net komm sinn, dofir hu mir missen vill Leit refuséieren déi gär komm wären. De Programm an ons Drepp Schaettermarjal vum Romain hu groussen Uklang bei den Uwiesende fonnt. Er war e schéinen Owend.
Duerch den Änder an dem Syndikat ass d’Jéineschsprooch erëm ganz an d’Moud komm. Elo am Abrëll huet de Grafiker Will Kreutz zesummen mam Geschäft Zakka aus der Stad nei T-Shirten realiséiert, mat Spröch aus der Jéineschersprooch. Mir hoffen, dass vill Awunner en T-Shirt kaafen an domat Reklam maachen fir ons Lakertesprooch.

Problem mat Residenzen am ale Fond St. Martin
De President hat sech mat Awunner aus dem Ale Fond St. Martin getraff fir iwwert de Problem mat de Residenzen an dëser klenger Strooss ze diskutéieren. Hei besteed keen Trottoir, keng Parkplazen an d’Strooss an engem desolaten Zoustand. Uwiesend waren Tilly Bausch, d’Marielle an Heng Breier, hir Duechter Anne, déi och elo am Comité vum Syndikat matschaft an den Abbes Dondelinger mat sénger Madame. Deen Owend ass beschloss ginn e Bréif un d’Madame Polfer ze schecken fir eng Entrevue mat hir ze kréien fir iwwert de Problem vun de Residenzen ze dikutéieren, an deenen geldgieregen Promoteuren keng Autorisatiounen fir Residenzen ze ginn. D’Anne Tescher preparéiert de Bréif an de President mecht Fotoën.
Ob ons Ufro vum 16. November eng Entrevue mat der Madame Lydie Polfer Buergermeeschterin vun der Stad Lëtzebuerg ze kréien, hu mir de 16. Dezember eng positif Äntwert kritt. D’Reunioun war den 21. Januar 2016 op der Rocade de Bonnevoie am Service de l’urbanisme ëm 10.45 Auer.
Vertrieder vum Comité mat den Awunner aus dem Fond St Martin, dem Här an der Madame Dr. Schiltz, d’Madame Marielle Breier hu mat der Madame Buergermeeschter an der Madame Gengler vun der Stad Lëtzebuerg diskutéiert iwwert de Problem vun zevill Residenzen an dëser Strooss. Mir kruten hei keng richteg Satisfaktioun well den PAG dës net verbidd. Am neie PAG deen am Summer soll ofgeschloss sinn kënnt een dës Strooss schützen. Bis dohin kënnen awer nach nei Residenzen realiséiert ginn.

De Café Am Duerf zu Weimeschkierch ass erëm op
Vum 1. November un ass eng nei Wirtin am Café am Duerf zu Weimeschkierch. D’Madame huet aus dem Café Am Duerf elo de «Café littéraire Le Bovary» gemaach. Déi nei sympatesch Bedreiwerin proposéiert e neit Konzept, wou een am Bistro mat flotter Ambiente Bicher ugebuede kritt fir ze liesen an och Klengechkeeten z’iessen servéiert kritt. Mir wënschen hir vill Succès.

Ännerungen vum Busdéngscht
Vum 14. Mäerz un ginn et Ännerungen mat Verbesserungen um Busreseau. De President war op d’Pressekonferenz an der Rotonde wou de Paräiserarchitekt Jug Cerovic säi neie, méi iwwersichtleche Plang virgestallt huet. Et sinn Ännerungen vun de Linnen 15, 9 a 7 gemaach ginn. Fir ons Linnen 8, 10, 11, 12, 21, 23, 25 ass näicht geännert ginn
Neie Graffiti ënnert der Bréck an der Thommysbruch vum 28 Juni un
Nodems de Pitt Bach mat sengen Streetworker d’Ënnerféierung zu Weimeschkierch tëschent dem Raspert an der Rue München-Tesch ofgeschloss haten, hu si an der Thommysbruch ënnert der Breck e schéine Graffiti ugeluecht. E Graffity kann och schéi sinn, mir soën hinnen fir hirt Engagement villmools Merci.

D’Entente Aal Gemeng Eech ass am Trauer
Am Mäerz ass d’Alice Ernst-Rolling, Sekretärin vun der Entente no enger schwéierer Krankheet an der Eecherklinik gestuerwen. E puer Woche méi spéid ass dunn de Lucien Bram, Trésorier vun der Entente plötzlech am Ausland verscheed. De Comité vum Syndikat iwwerbréngt, deene betraffene Familljen an dem Comité vun der Entente hirt häerzlechst Bäileed.

Rendez-vous mat der Buergermeeschterin an der Märei

Mir haten e Rendez-vous mat der Madame Lydie Polfer, Buergermeeschterin a Schäfferot fir Donneschdes den 31.Mäerz ëm 11.00 Auer am Stadhaus kritt. Uwiesend waren Mme Buergermeeschter Lydie Polfer, d’Schäffen Sam Tanson, Patrick Goldschmit a sämtlech responsabel Servicer vun der Stad Lëtzebuerg. De Syndikat war vertrueden duerch Pit Ludwig, Sonja Wolsfeld, Odette Neumann an Tilly Bausch.

Ons Haaptdiskussionspunkten

Wann de Lift am Pafendall fäerdeg ass, wäre mir frou Velosstatiounen an ons Sektiounen ze kréien.
Déi responsabel Servicer sinn derbäi Pläng auszeschaffen. Eng Statioun kënnt op d’Dummeldenger Gare an eng op Eech/Weimeschkierch rue München-Tesch

D’Chinesesch Ambassade huet e neien Zonk gemaach an den alen nach net eweg geholl
An Zwëschenzäit ass dat awer geschitt

Trapen vun der rue München-Tesch sinn an engem desolaten Zoustand a missten restauréiert ginn
Dëst ass eng Restauratioun mat enorme Käschten. An enger éischter Étape sollen déi schlëmmsten Trapen ersat ginn.

Um Parking vun der Dummeldengr Gare missten d’Parkplaze fresch agezeechent ginn, jiddereen parkt do wéi e wëllt. Hei feelt och eng Toilette, well all Dag vill Jugendliche vun zwee Lyceeën mam Zuch hei ukommen.
Dës Plaz gehéiert net der Stad Lëtzebuerg. D’Stad Lëtzebuerg an de Syndikat intervenéieren bei deene responsablen Servicer vum CFL

Am Wanter bei glater Strooss ass et fir d’Foussgänger net méiglech am Ufank vum Pilatusbierg eropzekommen. Heihin missten Trape kommen.
De Service vun der Voirie krut den Uerder séch dorëm ze kemmeren

Elo sinn d’Aarbechten an der rue de Kirchberg souwäit ofgeschloss an d’Plaz niewent dem Centre Am Duerf misst als Parkplaz nei amenagéiert ginn
Déi responsabel Servicer vun der Gemeng sinn derbäi d’Pläng ze maachen an dem Schäfferot, déi fir Accord virzeleeën.

D’Strooss am ale Fond St. Martin misst e neie Belag kréien a reamenagéiert ginn
D’Madame Buergermeeschter huet den Opdrag ginn fir ze kucken, wat een hei kënnt schnell realiséieren an och nom Pavé am Marxe Bierg kucken.

D’Stroossen an der Rue du Soleil an och an der rue des Grottes sinn an engem schlechten Zoustand

Wann d’Aarbechten vun deene neie Residenzen ofgeschloss sinn, ginn déi Stroossen reamenagéiert.
n Um ënneschten Deel vum Eecherfeld ass vill opgerappt ginn fir sämtlech Leitungen z’ersetzen.
Nom Ofschloss vun deenen Aarbechten ginn d’Weeër erneiert.

Problemer um Arrêt vun deene ville Bussen virum alen Kulturcenter zu Eech
Hei gëtt gekuckt welch Bussen et sinn an dann no enger Léisung gesicht

Knascht niewend de Contäiner an onse Sektiounen
Madame Buergermeeschter fënnt dat och schlëmm. Oft sinn et Leit aus aner Gemengen déi séier hire Knascht do ofsëtzen. Ee Responsablen vum Hygienedéngscht huet ons informéiert, datt si a leschter Zäit vill Leit protokoléiert hunn. Madame Buergermeeschter huet ons matgedeelt dass si de Problem mat op de nächsten Citybreakfast hëllt fir d’Awunner nach emol z’informéieren, dass et verdueden ass Offall niewend d’Container ze stellen a strofbar ass.

Geféierlech Pard op der Spillplaz zu Weimeschkierch
Wann dës Pard zougespart gëtt mussen d’Mamme mat de Kanner e groussen Ëmwee maachen fir am Fond St Martin op d’Spillplaz ze goën. Et gëtt gekuckt op een Pard net kann op eng aner méi secher Plaz mecht

Futtis Trap an der Thommysbruch
Den Service vun der Gemeng hellt sech dësem Problem un

Handikapéiert Plaz fir en Awunner aus der rue Schetzel
En Awunner rifft ëmmer gläich e Beamten vun der Zone Bleu wann Hëlleft Doheem bei de blannen Awunner ginn. Si ginn dann ëmmer protokoléiert. Wann déi Persoun vun Hëllef Doheem net nom Code de la route parkt, ass et normal datt si protokoléiert gëtt. Dee blannen Här soll beim Staat intervenéieren, dass hien eng handikapéierten Parkplaz kritt, dat dierft kee Problem sinn an da kann och Hëllef doheem parken.

Problem mat wëllen Dauwen ënnert der Eisebunnsbréck.
Dofir wär CFL responsabel. Fréier huet de Service des Parcs Pëllen gestreet, dëst ass awer elo verbueden wëll och aner Déieren déi Pëllen huelen. De Service des Parcs geet awer emol laanscht a kuckt sech de Problem un.

Wee vun der Montée Pilate an de Bësch vum Eecherfeld
Nodems d’Residenz am Ufank vun der Montée Pilate fäerdeg ass, huet een erem d’Méiglechkeet iwwert schéin Trapen an de Bësch vum Eecherfeld ze goen ouni e groussen Ëmwee ze maachen. De Michel Wolsfeld huet sech dofir agesat.