Warning: Creating default object from empty value in /home/www/web940/web940u1/html/included/functions.php on line 292 SEDW.lu

INFO 2017

Deprecated: preg_replace(): The /e modifier is deprecated, use preg_replace_callback instead in /home/www/web940/web940u1/html/included/functions-formatting.php on line 76

De Comité vum Syndicat

Präsident: Pit Ludwig
Vize-Präsident: Sonja Wolsfeld, Raymond Schroeder
Sekretär: Pit Ludwig a Fränk Weiwers
Caissière: Odette Neumann

Member: Tilly Bausch, Françoise Koltz, Denise Heywang, Yvonne Muller, Anne Tescher,
Katy Cardoso Marques, Carlo Meyer, Nico Weydert a Fränk Weiwers. Margot Reding-Schroeder a Marcel Weirich (Keesrevisoren)
Lynn Hautus (Streetworkerin)

Kulturelle Mataarbechter Roger Medernach (Jéineschsprooch / Film a Fotos)

Démissioun vum Claudine Tockert
Den 28. Oktober 2016 ass d’Claudine Tockert an der Gemeng Fluesweiler mam Harald Bröcker bestued ginn. De Syndikat huet e klenge Geste gemaach. D’Claudine huet ons e Merci gescheckt an ons informéiert, dass hat seng Démissioun am Comité géing ginn, fir elo am Osten matzeschaffen. Mir soën dem Claudine Merci fir séng Mataabecht an onsem Syndikat.

Aktivitéiten:

De Comité huet am vergaangene Joer 9 Comitéssëtzungen ofgehalen, an huet schrëftlech beim Staat a Schäfferot intervenéiert, fir séng Doléancen virzeleeën. Och telefonesch hate mir Kontakt mat sämtlechen Gemengeservicer fir si iwwert d’Problemer an d’Bild ze setzen.
De Comité huet séch mam Schäfferot getraff fir iwwert Doléancen a Projeën ze diskutéieren.
Mir ware vertrueden op de Generalversammlung vun der Entente des Sociétés de l’Ancienne
Commune d’Eich, op der Neijoërsrezeptioun vun der Entente am Centre Culturel zu Beggen, op de Generalversammlungen vun onsen Nopersyndikaten Pafendall, Kierchbierg a Rollengergronn, der USILL, a sämtlechen Delegatiounssëtzungen vun der USILL an op der «Porte ouverte vum Institut Emile Metz».

De Syndicat ass och um Facebook
No onsem Site um Intenet www.sedw kann een ons och elo op Facebook fannen ënnert sedw.lu wou mir och ons Informatiounen matdeelen.

Den Änder Bausch huet ons fir ëmmer verlooss
Onse grousse Frënd a Mann vum Tilly, den Änder Bausch huet ons den 28. Juli am Alter vun 81 Joer fir ëmmer verlooss. Op senger «Cérémonie d’adieu» den 3. August um Nikloskierfecht ware vill Frënn an Awunner vu Weimeschkierch komm fir him Äddi ze soën. Mir si frou, dass mir nach eng Soirée mam Änder konnten realiséieren an dass hien duerch säi Buch a Jéinescher Sprooch «Mir dibbere Jéinesch» net a Vergiess kënnt. Den Änder war a leschter Zäit duerch séng Krankheet vill geplot. Dem Tilly drecke mir nach emol ons häerzlechst Bäileed aus a bidden him ons Hëllef un.
Problemer mat vill Verkéier a Stauen an onse Stroossen
No der Fäerdegstellung vun der Nordstrooss ass et bei ons mam Verkéier net besser ginn. Bei engem Stau um Kierchbierg oder Akzident kënnt sämleche Verkéier nees op Dummeldeng erof. Wat positif ass: et kommen manner Kamionen duerch ons Stroossen. Et gett nëmmen eng Léisung, dat ass wann Autofuerer op den öffentlechen Transport emsteigen.

Alles op de Vélo vun der Piste iwwert den Traçe vum Charly
No der Fäerdegstellung vun der Velospiste waarde mir nach ëmmer op d’Aweihung. De Minister François Bausch huet onsem President gesot, dass dëst a kuurzer Zäit géing realiséiert ginn. Mir wärten dann ons Awunner iwwert Internet a Facebook informéieren

Liz Junio fiert den Tour de France
Onse fréiere Comitésmember an Déierendoktesch Liz Junio fiert den Tour de France (Tour de Force) fir e gudden Zweck. 3.500 Km an 21 Etapen an 10 Stonnen den Dag. Den Don ass fir Jonk Leit aus engem schlechten familiären Emfeld als Hëllef bei Konscht, Sport an Educatioun. Wien dem Liz seng positif Iddi wëllt ënnerstetzen kann dëst mat engem Don maachen un uk.virginmoneygiving/com Liz Junio. D’Liz huet sech engagéiert fir dem WWMT 3.000 Euro z’iwwerweisen

Rendez-vous mam President vum Fonds de Kierchberg de 14. Februar
De Pit Ludwig begleed vum Sonja Wolsfeld dem Laurent Hansen, dem Marielle an dem Heng Breier haten eng Entrevue mam President vum Fonds de Kierchberg dem Här Patrick Gillen begleed vun engem Mataarbechter an der Madame Bous.
Um Programm: d’Zoukunft vum Kuebebierg. D’Madame Bous huet ons Pläng déi an der Aarbecht sinn op enger Wand projektéiert. Dëst sinn awer nëmme Projëen, déi nach verschafft an akkordéiert musse ginn. Hei entstinn Wunnengen ouni Parkplazen mat klenge Geschäften. D’Autoë sollen a klenge Parkhäiser stationnéieren. Et sinn och vill Gréngflächen virgesinn. Et sollen esou mann wéi méiglech Mouvementer mam Auto ginn. Et gëtt eng kleng Bréck gebaut fir Foussgänger, Veloën a vläicht spéider den Tram. D’Autoën sollen net a Richtung Fond St. Martin fueren. Am Summer ensteet elo e groussen Camp vun de Scouten op dëse Plazen. D’Awunner aus dem Fonds St. Martin, déi oft um Kuebebierg spadséiere , hunn sech beklot, dass déi Baueren, déi Felder beim Fonds gelount hunn massif Pestiziden op d’Felder werfen, an den Här Gillen mat Biller informéiert. D’Anotmen vun dëse Pestiziden ass geféierlech fir ons Gesondheet.
De Fonds de Kierchberg, dee géint den Asaz vu Pestiziden ass, soll bei hinnen intervenéieren an dëst verbidden. Wann d’Pläng méi konkret sinn invitéiere mir d’Madame Bous an enger vun onse nächste Generalversammlungen fir ons d’Pläng virzestellen.

D’Piscine beim Schoulkomglex zu Dummeldeng
D’Schwëmm ass schons länger Zäit zou. d’Gemeng huet d’Plaz weider ginn un de «Lëtzebuerger Aktiounskreess Psychomotorik», déi do en Airtramp opgestallt hunn. Dëst ass eng gutt Sach, mir hätten awer léiwer gesinn, dass d’Schwëmm vergréissert gi wär fir d’Schoulkanner, déi elo mat Bussen an aner Schwëmmen geféiert ginn. Hei hätten dann och d’Awunner aus dem Norden vun der Stad kënne schwammen goën an och de Lycée des Arts et Métiers, fréier den Uelzechtlycée. Fir d’Ëmwelt wär dat och positif a géing zur Verbesserung vun der Loft bäidroen.

Informatiounsversammlung vum Minister Bausch de 7. Februar
An enger Informatiounsversammlung iwwert besser Liewen am Norde vun der Stad organiséiert vun déi «déi Gréng» en Dënschdeg, 7. Februar zu Beggen, huet den Här Bausch d’Awunner informéiert iwwert den Zucharrêt Pafendall. Heimat kritt och d’Gare vun Dummeldeng méi Zuchverkéier an et mussen Aarbechten op der Gare ënnerholl ginn. D’Barriär zu Dummeldeng gëtt 2200 suppriméiert. Et ensteet awer d’Méiglechkeet fir mam Velo oder als Foussgänger ënnert de Gleiser op déi aner Säit ze kommen. Den Här Bausch huet ons och informéiert iwwert e neie Veloswee, deen laanscht Gare niewent der Eisebunn ensteet, wëll et zevill geféierlech fir d’Veloën zu Dummeldeng an der rue des Hauts-Fourneaux ass. Et ware vill Awunner an d’Versammlung komm an den Här Minister huet sämtlech Froën vun den Awunner beäntwert. D’Schäffin Sam Tanson huet och op vill Froen aus dem Publikum geäntwert
Fondatioun Maison de la Porte ouverte
An der rue des Grottes solle bis 2020 véier Gebäier mat Niedregenergie kommen. An dës Häiser solle mannerjähreg Kanner vun 10-18 Joer mat Problemer ënnerbruecht ginn. Mir hunn de Maurice Bauer an ons Generalversammlung invitéiert fir dass hien ons de Projet virstellt.

D’Kräizung vum Stafelter a Waldhaff soll verschwannen
De Ralph Di Marco, Pressespriecher vun der Stroossebauverwaltung huet dem Wort bestätegt, dass am Hierscht d’Strooss vun der Kräizung Staffelter Richtung Dummeldeng soll verschwannen an op dëser Strooss Beem geplanzt solle ginn, als Kompensation fir d’Beem déi wéinst der Nordstrooss am Gréngewald ofgeholzt gi sinn. Dëst ass awer eng Testphase.

Rendez-vous mat der Buergermeeschterin an der Märei

Mir haten e Rendez-vous mat der Madame Lydie Polfer, Buergermeeschter an dem Schäfferot Freides, den 3. Mäerz 2017 ëm 11.00 Auer am Stadhaus kritt. Uwiesend waren Mme Buergermeeschter Lydie Polfer, mam ganze Schäfferot a sämtlech responsabel Servicer vun der Stad.

n Nodeems de Lift am Pafendall fäerdeg ass, wäre mir frou och an onse Sektiounen
Vélosstatiounen ze kréien
Enn dëses Joer leeft de Kontrakt mat der Firma of, déi sech ëm d’Velostatiounen bekëmmert. Beim neie Kontrakt stinn ons zwou Velostatiounen op der Lëscht.

n Kënnt een d’Trapen ënnert der Eisebunsbréck net an zwee deelen, fir si och mat engem Velo oder Kutsch ze benotzen.
Dee responsablen Service huet ons versprach no enger Léisung ze kucken.

n Am Wanter bei glater Strooss ass et nët méiglech fir d’Foussgänger an der Montée Pilate erop ze kommen. Et misst een dofir Trapen maachen
Wann d’Aarbechten vun den neie Residenzen fäerdeg sinn, ginn Trape gemaach. Fir eng Parkplaz ze kréien fir Leit mat engem Handicap gëtt no enger Léisung gekuckt.

n De Schäfferot huet den 22.09.2016 d’Aarbechten vum Reaménagement vun der Plaz niewend dem Centre Am Duerf ausgeschriewen. Wéini gëtt mat der Aarbechten ugefang?
Mir kruten de Plang wéi dëst an Zoukunft ausgesäit. Mat den Aarbechten soll am Abrëll oder Mee ugefang ginn.

n D’Strooss am ale Fond St. Martin misst e neie Belag kréien, a reamenagéiert ginn an och prioritär behandelt ginn.
Dëst ass och um Programm fir dat nächst Joer.

n Am Marxebierg erop fir op de Kuebebierg ass de Pavé an engem geféierlechen Zoustand,
an eng Gefor fir d’Passanten
Hei verschwënnt de Pavé a gëtt duerch e neie Belag ersat.

n De Schandfleck vun engem Haus an der rue des Hauts-Fourneaux ass nach ëmmer do. Dëst ass wierklech keng
Reklam fir ons Stad
Hei kann am Moment d’Stad Lëtzebuerg net vill ënnerhuelen. Wann dee neie PAG gestëmmt ass, huet de Schäfferot nei Méiglechkeeten eppes z’ënnerhuelen.

n D’Aarbechte um Chantier Drescherhaus gi gutt virun. Wéini kenne mir mat der Aweihung rechnen?
Den Architekt Luc Ramponi huet ons informéiert dass d’Aarbechten am November oder Dezember ofgeschloss sinn. Mir hunn de Schäfferot informéiert, dass bei der Aweihung d’Chorale St. Cécile e puer Lidder séngt. Mir hu gefrot fir Biller vun onse Kënschtler (Margot Reding-Schroeder, Dany Neumann, Annette Weiwers a Justine Blau an d’Drescherhaus ze kréien. Et gëtt eng Reunioun organiséiert, wou och Direktesch vun de Stater Museeën d’Madame Danièle Wagener present ass.

n An der rue du Château zu Dummeldeng muss e Scheld gerëckelt ginn. Wéinst engem Bam ass dëst Schleld
onsichtbar
Hei gëtt net de Bam ewech gemaach mee d’Schëld gereckelt. Dëst ass schons geschitt

n Wéini sinn d’Aarbechten vun der Kläiranlag zu Eech an Dummeldeng ofgeschloss?
Et ass besonnesch wichteg, daas de Chantier am Raspert verschwënnt
Schäffin d’Madame Simone Beissel huet ons informéiert, dass si Problemer hate mat enger Firma aus
Däitschland mat zwou grousse Buermaschinnen, doduerch dauert et bis Mëtt nächst Joer bis d’Aarbechten ofgeschloss sinn. Et war virgesinn, dass d’Aarbechten dëse Summer fäerdeg wären. De Chantier am Raspert ass dee gréisste Problem well bei guddem Wieder vill Vélosfuerer an Awunner hei passéieren. Hei d’Äntwert vun der Madame Beissel hirer Ufro wärend der Reunioun

Gudde Moie Mme Beissel,
Ech huelen un, dass et sech em de Passage fir d’Veloen handelt bei der Dummeldénger Barrière.
A Punkto Chantier huet sech vun eiser Säit eigendlech näischt geännert.
Wann alles gutt leeft, da misste mir am Abrëll de Chantier op där Plaz können ofschléissen an d’Strooss erëm ganz fräi ginn.
Beschte Gréiss
Heuschling Jean

n Um Eecherfeld ass ee klenge Wee an engem geféierlechen Zoustand. Hei kommen iwwert 130 Awunner an hiren Biologesche Gaart (Terra).
Hei sinn d’Aarbechten fir de Belag z’erneiern virgesinn. Et gëtt och gekuckt ob der anerer Säit vun de Gäert d’Firma eng Autorisatioun huet fir hirt Material an dëser Géigend ze stockéieren.

n En ettlech Busbenotzer hu sech bei ons beschwéiert, dass bei starkem Reen D’Aubetten hannen net dicht wären an dass een do naass géing ginn.
Hei informéiert ons d’Schäffin Sam Tanson, dass de Kontrakt mat der Firma gleich ofleeft an doduerch
näischt ënnerholl ka ginn. D’Madame Buergermeschter ass awer frou, dass mir si op dëse Problem
higewisen hunn, wëll si sech am Moment mat den Tramsaubetten befaassen an si dann oppassen, dass dëse Problem net och an den Tramsaubetten optrett.

n Et hunn Awunner reklaméiert, dass si e Problem hunn mat de Walkabinnen. Si wäre frou wann bei deene nächste Walen, Rideauen géingen d’Sicht an d’Kabinnen ënnerbannen.
Dëst ass net einfach bei deene villen Kabinen déi d’Stad Lëtzebuerg huet. Et gëtt awer no enger
Léisung gesicht.

n D’Éducateuren vum «Foyer scolaire» vun Eech hu gefrot fir ee Kiosque (Bühn) an de Schoulhaff
ze kréien, fir kënnen kulturell Manifestatiounen mat hiren Kanner z’organiséieren.
D’Stad Lëtzebuerg huet en ettlech Kiosken. D’Educateuren brauchen nëmmen unzefroen fir
ee Kiosque ze kréien.