Warning: Creating default object from empty value in /home/www/web940/web940u1/html/included/functions.php on line 292 SEDW.lu

Bericht d’Generalversammlung 2018

Deprecated: preg_replace(): The /e modifier is deprecated, use preg_replace_callback instead in /home/www/web940/web940u1/html/included/functions-formatting.php on line 76

De Comité vum Syndicat

Präsident: Pit Ludwig
Vize-Präsident: Sonja Wolsfeld, Raymond Schroeder
Sekretär: Pit Ludwig a Fränk Weiwers
Caissière: Odette Neumann

Member: Tilly Bausch, Françoise Koltz, Denise Heywang, Yvonne Muller, Anne Tescher,
Carisa Delgado, Carlo Meyer, Nico Weydert a Fränk Weiwers. Margot Reding-Schroeder a Marcel Weirich (Keesrevisoren)
Kulturelle Mataarbechter Roger Medernach (Jéineschsprooch / Film a Fotos)

Démissioun vum Anne Tescher
D’Anne huet seng Démissioun am Comité vum Syndicat agerecht. Him feelt et un der Zäit, wéinst familiären a beruflechen Aufgaben. Mir soën dem Anne Merci fir séng Mathëllef am Comité vum Syndicat an hoffen och an der Zukonft op séng Mathëllef zielen ze kënnen.

Aktivitéiten:

De Comité huet am vergaangene Joer 9 Comitéssëtzungen ofgehalen, an huet schrëftlech beim Staat a Schäfferot intervenéiert, fir séng Doléancen virzeleeën. Och telefonesch hate mir Kontakt mat sämtlechen Gemengeservicer fir si iwwert d’Problemer an d’Bild ze setzen.
De Comité huet séch mam Schäfferot getraff fir iwwert Doléancen a Projeën ze diskutéieren.
Mir ware vertrueden op de Generalversammlung vun der Entente des Sociétés de l’Ancienne
Commune d’Eich, op der Neijoërsrezeptioun vun der Entente am Centre Culturel zu Beggen, op de Generalversammlungen vun onsen Nopersyndikat Pafendall, der USILL, a sämtlechen Delegatiounssëtzungen vun der USILL an op der «Porte ouverte vum Institut Emile Metz».
«Pose de la première pierre» fir 12 Sozial Wunnengen an der rue Ferrant zu Eech/Millebach. Proprietär ass d’Stadt Lëtzebuerg, den 8. September an der rue Lamormesnil op der Strausfeier vun engem Haus mat 5 Sozialwunnengen. Proprietär ass d’Stadt Lëtzebuerg. De 26. September «Pose de la première pierre» fir 3 Haiser zu Eech an der rue des Grottes fir männlech Jugendlecher vun 10-18 Joer vun der (EMPO) President ass de Maurice Bauer. Mir waren och zu Beggen, wou déi Gréng mam Minister Bausch ons informéiert hunn iwwert d’Zoukonft vum Zuch, dem Verkéier an enger neier Velospiste. D’Barriär zu Dummeldeng gëtt 2020 suppriméiert. Et entsteet awer d’Méiglechkeet fir mam Velo oder als Foussgänger iwwert eng Bréck op déi aner Säit ze kommen.

Pestizidfräie Kuebebierg
De President huet e Bréif un den Direkter Patrick Gillen, President vum «Fonds de Kirchberg gemaach fir den Asaz vu Pestiziden um Kirchbierg (Kuebebierg) ze verbidden. D’Drenkwaasser vun der Stad Lëtzebuerg leid ëmmer méi u vergëftem Waasser. Mir hunn eng Kopie un d’Buergermeeschterin Lydie Polfer, d’Schäffin Sam Tanson an de Mouvement écologique gemaach. Marielle Hilgert an den Heng Breier hunn eng Copie un d’Ëmweltministerin Carole Dieschbourg gescheckt. Hoffentlech kréie mir elo Satisfaktioun an e pestizidefräie Kuebebierg.
Den Här Gillen huet ons an engem Bréif matgedeelt, dass hien dofir nët zouständech ass.
Vill Neies a Positives beim Noper Pafendall
De 26. September 2017 war d’Inauguratioun vun der Muerbelsmillen. Hei ass déi eelste Millen aus dem Land erëm betriebsfäheg gemaach ginn, dest ass ee schéinen an interessanten Musee fir de Pafendall ass. Et kann een och déi restauréiert Mille besichtegen. Fréier a bis viru kuurzem ass och an dem Gebäi Moschter vun der Firma Munhoven gemaach ginn. Do sinn och elo Studentewunnengen realiséiert ginn. D’Stad Lëtzebuerg an de Syndikat vum Pafendall mat hiren President Jean-André Stammet si verantwortlech fir d’Restauratioun. Dëst ass e klenge Bijou.
De Lift vum Pafendall bis an d’Stad ass och fäerdeg an den neie Zucharrêt ass am Dezember 2017 ageweiht ginn, wou e klenge Funiculaire d’Leit op den Tram bréngt. Vum Lift an dem Zucharrêt kënnen och ons Awunner profitéieren.

Eisebunnsbréck um Enn vun der rue des Hauts-Fourneaux zu Dummeldeng
Bei den Erneierungsaarbechten vun de Leitungen war de Verkéier op der Breck iwwert d’Eisebunn mat Luuchte geregelt ginn. Dëst ass positif vun den Autofuerer opgeholl ginn. Hei ass oft e Chaos a vill Autofuerer hale sech net un d’Verkéiersreglen, wou d’Autoën aus der Richtung Dummeldeng
Virrecht hunn. Et stinn dann Autoë vun zwou Säiten op der Bréck a keen léisst den anere passéieren. Et bestinn oft Streidereien an Diskussiounen. Fir dësem Problem en Enn ze maachen, proposéiere mir de Verkéier hei mat Luuchten ze regelen, vill Awunner ënnerstëtzen dëse Virschlag.

Problemer zu Eech
Nodeems Croix-Rouge am Café Satourne Leit vun der Strooss, Nuets ënnerbruecht huet gëtt et Problemer zu Eech. Wa keng Plaz méi am Saturne ass verbréngen déi Leit hir Nuecht an Entreën vu Geschäfter oder am Lavalspark. Et ass an der Zweschenzäit awer schons vill besser ginn. Am Lavalspark huelen awer d’Problemer mat den Drogéierten zou dëst sinn awer keng Leit vun der Croix-Rouge. D’Stad Lëtzebuerg ass derbäi no Léisungen ze sichen fir déi öffentlech Toiletten.

Gemengewalen
No onser Reklamatioun beim Rendez-vous an der Gemeng fir Rideauen an d’Walkabinnen ze kréien krute mir Satisfaktioun. Bei de Gemengewalen hate sämtlech Walkabinen eng Rideau

Ëmmer méi Residenzen an méi Problemer durch Zouhuele vum Autotrafik
Am ale ale Fonds St. Martin, rue Schetzel, rue des Sources, rue du Soleil, rue Emile Metz an rue des Grottes ginn kleng a gréisser Häiser duerch Residenzen ersat. Dëst brengt Problemer vu Parkplazen a méi Verkéier mat sech. Et gëtt nëmmen eng Léisung, dat ass wann d’Autofuerer op den öffentlechen Transport ëmklammen oder de Vélo benotzen.

En zweten Streetworker fir ons Sektiounen
D’Lynn Hautus informéiert ons dass en zweete Streetworker agestallt gëtt. D’Lynn sicht no engem Haus zu Dummeldeng fir de Service vun de Streetworker.

Méi Aktivitéit a gutt Zesummeliewen an onse Quartieën
D’Carisa Delgado vun der ASTI ass am gang Projeeën auszeschaffen fir méi Aktivitéit an e bessert Zesummeliewen an onse Quartieen ze kréien ënnert dem Numm «J’aime mon Quartier». Hat wär frou wann de Syndicat an d’Awunner him géingen eng Hand upaken. Kontakt: Carisa Delgado
Tél.: 661 986 654 - Email carisa.delgado@asti.lu De 27. Februar 2018 war schons eng Versammlung.

Bréif fir eng Statue vun engem Jéiner (Lompekréimer oder Schéierschleifer)
Mir sinn elo frou, dass dem Schandfleck op der Parkplaz niewend dem Centre am Duerf en Enn gemaach gëtt. En Dënschdeg, den 10. huet de Comité vum Syndikat sech op der Plaz mat dem Här Laurent Schwaller, architecte urbaniste coordinateur Espace public, der Madame Christine Sietzen an den Här Christian Wagner vun der Stad Lëtzebuerg getraff fir ze kucken wou d’Statue kënnt kommen. Mir mengen, dass dëse Rendez-vous awer positif war a waarden op Virschléi vun der Stad Lëtzebuerg.
Mam Vélo op d’Piste iwwert den Traçe vum Charly
Bei der Virstellung vum Romain Meyer sengem d’Buch iwwert de Minister François Bausch huet de President de Fränz nach emol gefrot wéini d’Velospiste géing ageweiht ginn, déi scho lang fäerdeg ass. De Minister huet sénger Sekretärin, déi och present war gesot si soll séch dëser Sach unhuelen.
Mir hunn elo d’Hoffnung, dass dëst ka geschéien wëll am Hierscht Wale sinn.

No 20 Joer
ass et endlech
esou wäit

De «Centre Culturel Drescherhaus» soll e
Freideg, den 8. Juni 2018 ëm 17.00 Auer
ageweiht ginn.

Mir wäerten Iech nach iwwert de genaue Programm informéieren.

Rendez-vous mat der Buergermeeschterin an der Märei

De Comité vum Syndicat seet Iech, Madame Buergermeeschter villmools Merci fir de Rendez-vous vu Freides, de 16. Mäerz 2018 ëm 11.15 Auer an der Gemeng.

Vun der Stad Lëtzebuerg ware present d’Madame Buergermeeschter Lydie Polfer an d’Schäffen Patrick Goldschmidt an Isabel Wiseler a sämtlech Responsabel Chefs de Service vun onsen Doléancen.
Vum Syndikat Sonja Wolsfeld, Odette Neumann, Yvonne Muller, Tilly Bausch, Carisa Delgardo,
Fränk Weiwers a Pit Ludwig

Hei waren ons Haaptdiskussiounspunkten

n Nodeems de neie Kontrakt ënnerschriwwen ass wäre mir frou an onse Sektiounen
Vélosstatiounen ze kréien
Mir kréien zwou Velosstatiounen. Eng op Dummeldeng an d’rue Nennig oder op d’Gare. De Minister Bausch wëllt eng nei Velospiste laanscht Zuchlinn vun der rue Nennig op Beggen realiséieren dofir steet déi genau Plaz nach net fest. Zu Eech kënnt d’Velosstatioun virun d’Scoutenzentral wann de Chantier vun de Kläranlag do fäerdeg ass.

n Am Wanter bei glater Strooss ass et nët méiglech fir d’Foussgänger an der Montée Pilate erop ze kommen. Et misst een dofir Trapen maachen
Dës Trape ginn realiséiert wann all Bauprojéën an der Montée Pilate fäerdeg sinn.

n D’Aarbechten um Chantier Drescherhaus sinn esou gutt wéi fäerdeg. Wéini kenne mir
rechnen mat der Aweihung?
D’Madame Gehlen Direktesch vum Service de l’Architecture huet ons matgedeelt, dass d’Aarbechten esou gutt wéi ofgeschloss sinn. Et ginn just nach Aarbechten mat den Ëntlüftungen realiséiert. D’Aweihung ass elo virgesinn fir den 8. Juni 2018. Wéinst dem genauen Oflaaf vun der Aweihung treffe mir ons nach mam Schäfferot.
n D’Aarbechte vum Réaménagement fir déi nei Parkplaz niewend dem Centre zu
Weimeschkierch ginn hei gutt weider.
An engem Bréif vum 9. Januar hate mir eng Propose un de Schäfferot gemaach fir eng Statue vun
engem Lompekréimer dohin ze kréien
Den 10. Abrëll ëm 11.00 Auer treffe mir ons mam Archtikt-Urbaniste Laurent Schwaller op der Plaz um Chantier niewend dem Centre zu Weimeschkierch fir ze kucken wou déi Statue kënnt kommen.

n D’Strooss am ale Fond St. Martin muss e neie Belag kréien a réamenagéiert ginn.
Wéinst der Gefor missten déi krank Beem ewech gemaach ginn
D’Aarbechten fir de Réamenagement si virgesinn a ginn och realiséiert. Et soll och gekuckt ginn fir all déi Beem déi am Hiwwel leiën an eng Gefor fir d’Awunner sinn ewech ze huelen. Wéinst dem
Baustopp vun engem Haus um Eenn fir op de Kuebebierg soll de Propriétair no sengem Chantier kucken wëll hei bestinn och Geforen.

n D’Spillplaz zu Dummeldeng bei der Schoul huet vill Succès. Et besteet awer e Problem
mat de Muppen.
Kënnt ee net eng kleng Cloture ëm d’Spillplaz wéi am Lavalspark maachen?
Op dëser Plaz proposéiert d’Madame Sonja Fandel, Chefin vum Service des Parcs eng Hondstoilett ze maachen. De Schäffen Här Goldschmidt hätt awer och gär wann eng Cloture ëm d’Spillplaz kéim fir d’Kanner an hir Elteren géint de Kot vun Honn ze schützen.

n Wéini sinn d’Aarbechten vun der Kläeranlag zu Eech ofgeschloss? Dëst ass besonnesch wichteg, fir d’Scoutencentral an d’Plaz virdrun
Hei ware Problemer opgetratt mat de Firma, déi faillite ass. D’Aarbechte sollen elo bis 2019 daueren an ofgeschloss sinn.

n Eech huet e neie Schandfleck. D’Haus, wou fréier d’Geschäft Geisen war, ass kee schéint Bild a mir froen eis wat mat dem Gebäi geschitt.
De Schäfferot ass och net zefridde mat der Situatioun. Si hate schons verhandelt mam Propriétär fir dat ganzt Gebäi ofzekaafen awer ouni Succès. Si wäerten nach emol Kontakt mam Propriétär ophuelen fir eng Léisung ze fannen.

n An der Eecherstrooss entsteet e nei Chantier. Zwee Häiser ginn ofgerappt. Wat soll hei an der Zoukonft kommen oder wat ass programméiert?
Op dëser Plaz besteet nach kee Projet. D’Häiser ginn ofgerappt fir dat si net vun Clochards besaat ginn.

n Um Trottoir an der rue François Van der Meulen ass eng Heck, wou Foussgänger schlecht laanscht kommen. De Propiétäir misst d’Heck schneiden
D’Stad Lëtzebuerg huet dem Proprétair schons e Bréif gemaach an hien opgefuerdert d’Hecken
ze schneiden

n De Belag um Trottoir an der rue François Van der Meulen ass an engem schlechten
Zoustand. Dëse Wee gëtt vu villen Awunner benotzt
Déi Responsabel ginn sech e Bild vum Zoustand vum Trottoir maachen a wëllen dann eppes ënnerhuelen

n Bei der Chinesescher Ambassade sinn elo dräi Busarrêën, déi vu villen Awunner benotzt ginn. Et wär gutt fir d’Secherheet wann e Foussgängersträifen dohin kéim
Hei huet den Här Laurent Vanetti ons informéiert, dass op der ganzer Plaz gekuckt gëtt fir eng Léisung ze fannen. Hien ass och net begeeschtert fir e Foussgängersträifen dohin ze maachen wëll öfters Leit op deenen ugestouss ginn.

n Am Abrëll 2003 hat d’Stad Lëtzebuerg eng Brochure erausginn iwwert Quartieën aus dem Norden. Er wär gutt des Brochure nei aktualiséiert ze realiséieren
De Schäfferot huet dës Brochure net kannt. Si hunn dëst awer ganz interessant a wichteg fonnt. Si informéieren sech elo beim responsablen Service, den sech dorems bekëmmert.

n D’Haus an der Eecherstrooss (Café Satourne) wat vun dem Croix Rouge benotzt gëtt fir Leit ouni Wunneng Nuets ënnerzebrengen ass keng Reklam fir Eech an d’Stad Lëtzebuerg
D’Direktioun vun der Croix Rouge hätt hei alles gutt am Grëff. Et ass och an der leschter Zäit besser an der Ëmgéigend an et leie kéng Leit méi an den Entréeën vun de Geschäfter. Am Lavalspark ginn et nees Problemer mat Drogéierten wouriwwer de Polizeikommissär och am Bild ass, dëst sinn awer kéng Leit déi am Foyer sinn. D’Schäffin Isabel Wiseler këmmert sech ëm den Zoustand vum Foyer

n Merci Madame Polfer fir Ären Asaz géint dëse schlëmme Schandfleck an der rue des Hauts-Fourneaux zu Dummeldeng. Mir hoffen nach ëmmer, dass de Proprietär eppes mat dësem Haus ënnerhellt
Dëst ass keen einfache Problem. D’Stad Lëtzebuerg reklamméiert dauernd beim Propriétär vum Haus ouni grousse Succès.

n No den Aarbechten an der rue du Château zu Dummeldeng sinn d’Spotten un de Lantere verschwonnen, déi d’Kierch beliicht hunn. Mir hu nogefrot beim Här Van Dyck den ons
informéiert huet, dass dëst net méi erlabt ass.
Gëtt et net eng aner Méiglechkeet d’Kierch zu beliichten?
Den Architecte-Urbaniste Laurent Schwaller hëllt sech dësem Problem un a kuckt wou een d’Spotten fir d’Kierch ze beliichte kënnt ubrengen.

n Mir hu schons öfters reklaméiert fir Trapen, déi vun der rue München-Tesch an d’rue
Laroche ginn ze restauréieren. Déi Weimeschkiercher Leit si begeeschtert vun den Trape bei der Kierch, déi Dir nei gemaach hutt.
Déi responsabel Servicer vun der Stad Lëtzebuerg kënnen dëse Problem. Hei missten net nëmmen Trape gefleckt ginn mee eng ganz nei Trap realiséiert ginn. Dëst ass ee gréissere Problem, muss awer emol gemaach ginn. Mir hunn dem Schäfferot nach emol Merci gesot fir déi nei Trape bei der Kierch

n Am Walprogramm vun der DP si mir informéiert ginn, dass e neie Sportkomplex mat Schwemm op Dummeldeng kéim. Wou ass dëse Projet drun?
Dëst a e grousse Projet. De Service de l’Architecte ass derbäi Analysen ze maachen fir kënnen Pläng ze realiséieren.

n Et muss eng Léisung fir de mëttelste Weier am Collartspark fonnt ginn, a sief et e bësschen un der Schléiss ze dréinen. De Pegel bedréit nach knapp 10 cm. D‘ Fësch kënne kaum nach schwammen.
D’Madame Fandel Chefin vum Service des Parcs kënnt de Problem a versprecht ons dass Enn 2019 d’Weieren entsand ginn an och de Parc gebotzt gëtt.

D’Parkplaz virun der Dummeldenger-Gare ass e Chaos
Den Här Laurent Vanetti informéiert ons, dass d’Stad Lëtzebuerg a Verhandlungen mat der CFL ass fir festzeleeën wien sech ëm Parkplaz bekëmmere soll. Hei misst och eng Toilett a eng M-Box fir d’Veloe kommen.