Warning: Creating default object from empty value in /home/www/web940/web940u1/html/included/functions.php on line 292 SEDW.lu

Dommeldange

Deprecated: preg_replace(): The /e modifier is deprecated, use preg_replace_callback instead in /home/www/web940/web940u1/html/included/functions-formatting.php on line 76

DUMMELDENG FRÉIER AN HAUT

VUE SUR DOMMELDANGE

Den Th. de la Fontaine méngt, datt de Numm Dummeldéng doduerch entstan ass wëll et déif un der Uelzecht läit, an oft iwwerschwemmt war. Duerch déi wëll Bach aus dem Gréngewald waren an dem morasteschen Dall vill Schilf mat Sumpfvullen. Dës Vullenart (ardrea Stellaris), ass an der aler Sprooch Dompel an Rohrdompel genannt ginn, a si hu mat hirem Kreesch d’Awunner nuets erschreckt an doduerch ass de Numm Dompelding oder Dommelding enstan. Den Numm vun der Uertschaft Dummeldeng fënnt e schons am 13. Jorhonnert an dene verschiddene Manéieren geschriewen: Dumeldinge, Dumeldingen, Dummeldingen, Domaldingen fir Dommeldingen oder Dommeldange ze ginn.

SITUATION
Den 1.7.1920 ass Dummeldeng dat bis dohin zur aler Gemeng Eech (laut Konkordat mam Popst zanter dem 15. Juli 1801 enstan ass) gehéiert huet mat der ganzer Gemeng Eech an d’Stad Lëtzebuerg opgeholl ginn. Dummeldeng grenzt un 3 Gemengen: Walefer, Steesel an Niederaanven.

INDUSTRIEN ZU DUMMELDENG
Dummeldeng hat 6 Millen. Bedéngt duerch dat villt Waasser, daat vun de Glasburen bis an d’Uelzecht gelaf ass. 1. Schmelzmillen; 2. Schmëttmillen; 3. Schlassmillen; 4. Seemillen; 5. Bannmillen, 6. Ënneschtmillen. Op all deene Millen ausser der Seemillen ass Fruucht gemuel ginn.
1609 ass déi éischt Schmelz vu Lëtzebuerg mat engem Héichuewen an enger Schmëtt op der ierweschter Millen entstan, an der Géigend tëschend der Brennerei an dem Parc Hotel. De Charles Collart huet des Schmelz 1778 kaf. Wéi d’Eisebunn net duerch Millebaach, mä duerch den Uelzechtsdall gebaut ginn ass war de Standuert Eech net méi interessant. 1865 ass eng nei Schmelz zu Dummeldeng gebaut ginn. Vun 1909-1927 huet d’Schmelz den elektresche Strom un d’Stad Lëtzebuerg geliewert. 1915 ass den Institut Emile Metz entstan, wou vill Schmelzaarbechter ausgebild si ginn. Haut ass den Institut ee Lycée technique mat villen Studenten. Vill Awunner vun Eech Dummeldeng, Weimeschkierch, Beggen an aus dem Uelzechtdall hunn op der Dummeldenger Schmelz hirt d’Brout verdéngt.

DUMMELDENG HAT ZWOU EISENBUNNSVERBINDUNGEN.
1.) Schmuelbunn (1 m breed) vu Letzebuerg op Iechternach. Schons 1901 ass mat den Aarbechten zu Dummeldéng ugefang ginn. De Charly ass gefuer vum 20.04 1904 bis den 13.06.1954. Schued ass et datt d’Charlysgare engem vandalisteschem Feier zum Opfer ginn ass.
2.) Normalspuerbunn (1,44m). 1861 ass mat den Aarbechten zu Dummeldeng ugefang ginn. Den 21.07.1862 gouf d’Streck Lëtzebuerg-Ettelbréck ageweiht.

DUMMELDENG HUET ZWEE SCHLÄSSER MAT ZWOU GESANDSCHAFTEN.
1.) Collartschlass daat um Ufank vum Gréngewald läit, an der Famill Collart gehéiert huet. Dëst Schlass ass epuer Mol ëmgeännert ginn. D’Famill Collart huet och 1891 déi nei Dummeldenger Kierch gebaut ënnert dem Schutzpatroun vum hellegen Hurbertus. Haut ass am Schlass déi Chinesesch Anbassade, déi och Besetzer vum Schlass sinn.
2.) D’Beggener Schlass, daat awer op Dummeldenger Terrain läit, gouf vum Emile Metz an senger Madame bebaut, an Emils-Schlass genannt. Virum 2. Weltkrich war et vum Arbeds-Präsident Gaston Barbanson bewunnt. Nom 10. Mee 1940 hunn däitsch Offizéier do gehaust. Haut ass d’Russesch Ambassade dran, der och d’Schlass an en Deel vum Park gehéiert.

SPORT, KULTUR A GEWERKSCHAFT.
Am Dummeldenger Velosport ware bekannt Lëtzebuerger Velosfuerer, ënnert hinnen de Jang Goldschmit. Den Dummeldénger Dëschtennis war epuer Mol Landesmeeschter. Onse Schachklub ass och ganz erfollegräich. Mir haten an der Zäit zwou Reitschoulen mat engem erfollegräichen Reiter dem Fränk Weiwers, Nom Krich war eng Associatioun vun Ons Jongen aktiv. Dëst war e Veräin vun deene Jongen déi ënnert dem Nazieregim gelidden hunn. Och hu mir e gudden «Cercle Philathélique». Zu Dummeldeng gett gär gesongen. Mir haten dräi Gesankveräiner an ee Kannergesank. Haut ginn et nach zwee Gesankveräiner an ee Kannerhgesank. Et gëtt och eng Sektioun vum OGBL an LCGB zu Dummeldeng.

GESCHÄFTER ZU DUMMELDENG
An der Zäit waren zu Dummeldéng 14 Wirtschaften, 5 Hôtel-Retaurant, 12 Epicerien, 4 Metzler, 3 Bäcker, 2 Gärtner, 6 Baueren, 2 Coiffeuren, 2 Schräinereien, 1 Schouschter, 1 Dreckerei, 1 Transportfirma, 1 Schouchter 1 Kledergeschäft an 1 Geschäft mat Baumareial.
Haut hu mir nach 1 Epicerie, 1 Metzler, 1 Bäcker, 1 Coiffeur, 1 Pedicure, 1 Tankstell mat Epicerie, 1 Geschäft mat elektreschen Apparater an 2 Geschäfter mat Miwwelen a Luuchten.
Mir hunn nach 3 Hôtelen: Hilton, Parc Hôtel an Hostellerie du Grünwald an 11 Café-Retaurant.

DUMMELDING HAUT
Zu Dummldeng wunnen 1.830 Awunner Januar 2003 (1796 waren et 370 Awunner) dovunn sinn 37% Lëtzebuerger an 63% Auslänner mat 44 Nationalitéiten.
Am Hierscht 2007 geet e neie Lycée zu Dummeldéng fir 800 Schüler op.

Mir sinn houfreg datt onse neie Wirtschafts- a Sportsminister Jeannot Krecké zu Dummeldeng an der rue des Hauts-Fourneaux gebuer ass, an en Deel vun sénger Jugend do verbruecht huet. An der rue des Sources huet och dee fréieren Minister Marcel Fischbach gewunnt. Säi Jong de Marc Fischbach ass hei gebuer a war an der Dummeldenger Schoul. Hien war spéider Minister an ass haut Chef vum Service Ombudsman.

QUELLEN:
Robert Leer, 25. Anniversaire du Cercle Phiathélique
Emile Erpelding. Fête du Centenaire de la Chorale Grand-Ducale de Dommeldange