Warning: Creating default object from empty value in /home/www/web940/web940u1/html/included/functions.php on line 292 SEDW.lu

Eich

Deprecated: preg_replace(): The /e modifier is deprecated, use preg_replace_callback instead in /home/www/web940/web940u1/html/included/functions-formatting.php on line 76

Eech - Vun den Industrien
zur Gastronomie


Zu Eech war d’Gemengenhaus vun der aler Gemeng Eech, déi laut dem Konkordat vun de Franzosen mam Popst de 15. Juli 1801 entstan ass. Zur Eecher Gemeng hu folgend Uertschafte gehéiert: Beggen, Dummeldeng Eech, Kierchberg, Millebaach en Deel vum Rollengergronn, Weimeschhaff, Siechenhaff an Neiduerf. Den 1.71920 ass ganz Aal Gemeng Eech an d’Stad Lëtzebuerg integréiert ginn.

Eech ass staark mat der Eisenindustrie verwues. Am Joer 1837 huet den Auguste Metz mat senge Bridder Charles a Norbert Metz «d’Société d’Industrie luxembourgeoise» gegrënnt. Dës Gesellschaft hat 1845 eng Demande un déi deemooleg Regierung gestallt fir en Héichuewen zu Eech-Millebaach opzeriichten op däer Plaz, wou den Norbert Metz Propriétaire vun enger Mille wor. 1858 hunn do dräi Héichiewen Eisen gekacht. Wéinst der Eisebunn hunn d’Schmelzhären hir Fabrik op Dummeldeng bei Schinnenetz verluegt.
D’Eecherschmelz huet sech vun däer Zäit virun allem op d’Fabrikatioun vu gossen Iewen (déi berühmt d’Deiwelcher), Taken, Dëppen an op e Konstruktiounsatelier spézialiséiert. Spéider wéi d’ARBED, dat heescht «Aciéries Réunies Burbach-Eich-Dudelange» gegrënnt wor, konnten déi Eecher houfreg sinn, dat doduerch hier Uertschaft weltwäit bekannt ginn ass. D’Eecherschmelz gouf 60ger Joren stëllgeluegt. Mir wëssen, dass am Eecher Raum nach Villes un d’Famill Metz erënnert, wéi d’Klinik an d’Fondatioun.

Haut ass um Site vun der Eecher Schmelz vum Fonds de Logement eng Wunnsiedlung vun 220 Logementer gebaut ginn, mat dem AKUT, der Maison du Diabète, enger Epicerie, enger Vinothèque, enger Internetstuff dem go4lunch, e Jugendtrëff Amigo, der Poste an der Polizei.

Um Ufank vum Eecherbierg war d’Eecherbrauerei, déi et och schons laang net méi gett.

Hannert der Eecherbréck stong d’Eecher Fonderie. Hei waren eng Seeërei, eng Fruuchtmillen eng Pobeiermillen, an zum Schluss eng Géisserei. De leschte Proprietaire d’Famill Schiltz huet Gebäi an den Terrain un d’Stad Lëtzebuerg verkaaft. An enger Konventioun tëschend der Stad Lëtzebuerg an dem Staat an no der Restauratioun vum Haaptbebäi gëtt 2007 d’Zentral vun de Lëtzebuerger Scouten do integréiert.

An der Eecherstrooss an op der Eecherplaz (Place Dargent) waren vill Geschäfter a Caféen. Nom Verschwannen vum Charly an der Realisatioun vun den Supermarchéën hunn vill Geschäfter missen ophalen.

Zu Eech hunn dräi gutt Restauranën opgemaach. Et gëtt och e Biobuttek mat engem klenge Restaurant, e Chineseschen Restaurant, en Notär, eng Aptikt, en Déierendokter e Coiffeur eng Tankstell, a verschidden Caféën vun deenen och epuer e Menu du jour ubidden.

D’ASTI huet och hei hire Sëtz. Si bekëmmeren sech besonnesch ëmt ons auslännesch Matbierger.

An der Eecherstrooss ass och dat schéint Haus vun der Famill Mayrisch, wou haut eng Etude vun Affekoten dran ass.

D’Eecherklink, déi eng Fondatioun vum Norbert Metz war a wou fréier vill Krankeschwesteren vum Uerder St. Elisabeth gehollef hunn, huet kierzlech mam Centre Hospitalier fusionnéiert.
D’Klinik gëtt vill vergréissert a schafft mam Centre Hospitalier zesummen.

Een vun deene ville Problemer zu Eech ass den enorme Verkéier, wou all Dag tausende vun Autoë passéieren fir den Zentrum vun der Stad ze fueren. Elo soll och endlech de Schandfleck vun deene véier eidelen Häiser en Enn kréien. Ët wär wënschenswäert wann d’Eecherplaz méi gréng a frëndlech gestalltet kënnt ginn. Ausser dem schéinen Lavalspark ass net vill Natur zu Eech.

D’Eecherfeld läit nach net am Bauperimeter an ass als «Zone rurale» an deelweis als «zone forestière» défininéiert, a bleiwt vierleefeg an hoffentlech nach laang eng Reserve wou déi Stater Bierger kënnen a Rou spadséiere.

Eech huet eng Populatioun vun 1916 Awunner, dovunner sinn 30,16% Lëtebuerger a 69,84 % Auslänner.

Quelle:
Fernand Théato: Kräiz a quir duerch d’Stad a d’Gemeng vun der Stad Lëtzebuerg