Warning: Creating default object from empty value in /home/www/web940/web940u1/html/included/functions.php on line 292 SEDW.lu

Weimerskirch

Deprecated: preg_replace(): The /e modifier is deprecated, use preg_replace_callback instead in /home/www/web940/web940u1/html/included/functions-formatting.php on line 76

Weimeschkierch - Urpor a Lakerten

Weimerskirch

De Numm vun der Urpor Weimeschkierch datéiert aus dem fränkesch-merowingescher Periode am fréimëttelalterlechem Zeitraum. «Die Ortsbezeichnung Weimerskirch selbst erinnert bis auf den heutigen Tag unmittelbar an die Existenz eines der ältesten kirchlichen Kultorte auf luxemburgischen Boden. Laut einer erhaltenen Schenkungsurkunde hat 723 der fränkische Hausmeier Karl Martell der Trierer Abtei St. Maximin (a.a.) den Ort Weimerskirch abgetreten. Die Schenkung bestand in der Übertragung einer fränkischen Hofstätte, zu welcher auch eine «Eigenkirche» die Vimaris ecclesia, gehörte, d.h. das Gotteshaus, das der Franke Wimar auf seinem Grundbesitz errichtet hatte und dessen Besitzer er war». (1) «Vuimariskiricha» esou de spéidere Numm, huet sech dann op d’Agglomeratioun, déi sech bei dëser Kierch forméiert huet, iwwerdron.

Weimeschkierch huet de Spottnumm «Bei de Lakerten». D’Wuert «Lakert» steet fir Lompekréimer, e Beruf deen do praktizéiert gouf an deen mat de Pabeiermillen aus der Emgéigend, Beggen a Millebaach ze dinn hat. Dës Leit haten eng eege Sprooch, déi sech iewer an hirem Wuertschatz a Grenze gehalen huet an déi sech net aus der Rumm vum normalen dagdeeleche Sproochgebrauch eraus bewegt huet. Heiandsdo ginn vu verschidde Leit déi sech wëlle wichteg maachen (an dat sinn keng Weimeschkiercher) e puer Ausdréck aus dem Slang benotzt op enger komplett falscher Plaz. Richteg schwetze kann hautdesdaags keen se méi. Et ginn nach e puer Weimeschkiercher déi en ëtlech Kënntnisse vun der Sprooch beherschen.

Weimeschkierch huet zu der Gemeng Eech gehéiert. Zu Weimeschkierch ass d’Porhierch an de Kierfech fir d’Awunner aus der aler Gemeng Eech. Wou fréier am Duerf zwee Cafeën waren aus haut de Centre Am Duerf, wou vill kulturell Manifestatiounen ofgehal ginn. Hei ass och de Sëtz vun der Entente des Sociétés de l’Ancienne Commune d’Eich. Weimeschkierch hat ee Pompierskorp, den haut mat dem Kierchbierg an Neiduerf fusionnéiert ass. Hei ass och de Foussballclub Egalité Weimerskirch. Dëse Club soll a kuurzer Zäit mam Red Black Pfaffenthal fusionnéiern. Et gëtt nach e Gesankveräin en Theaterclub e Fëscherclub e Gaard an Heem e Foyer de la Femme an Fraen a Mammen zu Weimeschkierch.

Zu Weimeschkierch waren ëmmer vill Geschäfter, leider sinn elo nach just zwou Wirtschaften do. Déi meescht Awunner vu Weimeschkierch hu fréier op der Eecher- an der Dummeldenger Schmelz geschafft.

De Kueberg ass virun epuer Joer klasséiert ginn als Naturreservat, wou een ganz seltsam Planze fënnt. Um Bebauungsplang ass Weimeschkierch als secteur d’habitation 2 klasséiert. Dach ass eng enorm Flaatsch vun Terrain’en als «Quartier à réaménager» klasséiert déi ënnen vun der Lavalstrooss bis uewen an de Mäertesgronn reecht. Zu Weimeschkierch wunnen 1.496 Leit déi sech opdeelen op 43% Lëtzebuerger a 56% Auslänner.

Quellen:
Fernand Théato: Kräiz a quir duerch d’Stad a Gemeng Lëtzebuerg
Michel Schmitt: Weimerskirch, die «Urpfarrei» der Stadt Luxemburg (1)