Warning: Creating default object from empty value in /home/www/web940/web940u1/html/included/functions.php on line 292 SEDW.lu

Projets

Deprecated: preg_replace(): The /e modifier is deprecated, use preg_replace_callback instead in /home/www/web940/web940u1/html/included/functions-formatting.php on line 76

D’Vélospiste vun Dummeldeng op Niederanven iwwert den Traçé vum Charly gëtt endlech realiséiert.

Dëst ass eng vun onsen eelsten Fuederungen (iwwert 10 Joer). Haut de muergen hunn ech mech beim Ëmwelt- a Bauteministär informéiert wou de Projet drunn ass. De Plang ass scho laang fäerdeg. Nodeems mech Sekretärin vum Här Guy Weiss, informéiert hat, datt den Dossier den 28. Januar un den Bauteministär zréck gang ass, hunn ech do nogefrot.
E Beamten aus dem Bauteministär huet mir du matgedeelt, datt si eng positiv Äntwert vum Ëmweltministär kruten, an datt elo der Realisatioun vun der Piste näischt méi am Wee steet. D’Ausschreiwungen fir d’Aarbechten ginn entweder kuurz oder no dem Collectiv Congé ausgeschriwwen. Mir soën nach eemol dem Bauteminister Claude Wiseler villmools merci fir séng Ënnerstëtzung.

Hei nach eng wichteg Matdeelung fir ons Awunner.

D’Stad Lëtzebuerg huet eng «soumission publique de travaux d’infrastructures des rues de Beggen, d’Eich et route d’Echternach» ausgeschriwwen. Dës Aarbechten sollen am Juli 2007 ufänken an 650 Aarbechtsdeeg daueren ongeféier dräi Joër.
Dëst bréngt bestëmmt vill Verkéiersproblemer besonnesch zu Eech mat sech. Mir huelen un, datt d’Stad Lëtzebuerg virun den Aarbechten d’Awunner an enger Versammlung informéiert, wéi bei den Aarbechten an der rue Schetzel.

Le Président Pit Ludwig et le Viceprésident Raymond Schroeder se sont réunis le jeudi 25 janvier avec Monsieur Roland Pinnel, Directeur du City Tourist de la Ville de Luxembourg concernant la réalisation d’un projet d’un Sentier „Aal Gemeng Eech“. Monsieur Pinnel nous a confirmé son entier soutien Avant de débuter avec la réalisation nous devrons prendre contact avec le collége échevinal pour le financement.

De 17. Mäerz war de President Pit Ludwig mam Vizepresident op engem «Hearing» quel avenir pour le Pont Adolphe. Hei ass kéng Décisioun geholl ginn. Déi Uwiesend sinn informéiert ginn a konnten hir Virschléi maachen.

Den 19. Mäerz war eng Informatiounsversammlung iwwert déi Duebel Nationalitéit vun der CSV. Dës Versammlung war organiséiert vun der CSV Beggen Weimeschkierch an dem LCGB Dummeldéng.