Warning: Creating default object from empty value in /home/www/web940/web940u1/html/included/functions.php on line 292 SEDW.lu

Revendications

Deprecated: preg_replace(): The /e modifier is deprecated, use preg_replace_callback instead in /home/www/web940/web940u1/html/included/functions-formatting.php on line 76

D’Madame Hirsch aus der Montée Pilate huet e Rendez-vous mam Syndicat gefrot fir hien an d’Bild ze setzen vun hiren Problemer.

Hurra, all op de Velo!

Doléancen vun den Awunner aus der Cité Frommes

Ofholzen vun Beem an enger Zone verte fir e Park mat villen Wéer unzeleeën. (Bréif vun der Famill Schupp) Ass d’Stad Lëtzebuerg doriwwer am Bild?

All Nuets tëschend 24.00 an 01.00 Auer ass e Proprétair aus engem Restaurant den séng Fläschen an de Container werft. Dëst ass awer verbueden tëschend 22.00 owends an 7 Auer muergens. Domat stéiert dëst Firma d’Nuetsrou vun den Awunner.

D’Awunner sinn och net frou, datt den Hygienendéngscht scho muergens em 06.30 Auer mat engem Staubsauger, dee vill Kaméidi mecht d’Trottoiren botzt.

Doléancen op der Eecherbréck an am Lavalspark.

Eng Madame déi Dag fir Dag mat hirem Hond spadzéiere geet, huet ons matgedeelt datt um Trottoir op der Bréck bei der Entrée vum Lavalspark en déift Lach ass mat grousser Gefor fir d’Awunner.
Am Lavalspark selwer sinn verschidden Luuchten futti, dat och net zur Secherheet vun den Leit bäidréit, déi owes am Däischteren hei passéieren.

Eng Luucht fir niewend de Centre culturel zu Eech

E Member vum Comité huet gefrot fir eng Luucht op der klenger Plaz niewend dem Centre culturel zu Eech installéiert ze kréien.
Hei ass eng kleng léif Plaz mat enger Bänk ënnert enger schéiner Trauerwäid. Owes ass et awer däischter do.Eng einfach Luucht misst hei installéiert ginn.